Ee Mount duernoDeierst Naturkatastroph fir d'Lëtzebuerger Assurancë-Gesellschaften

Jeannot Ries
Et ass de gréisste Schued, mat deem d'Lëtzebuerger Assurancë-Gesellschafte bis elo confrontéiert goufen.
Deierst Naturkatastroph fir d'Assurance-Gesellschaften
Et ass de gréisste Schued, mat deem d'Lëtzebuerger Assurancë-Gesellschafte bis elo confrontéiert goufen.

Bis elo leien d'Käschte scho bei iwwer 120 Milliounen Euro. Méi wéi beim Tornado 2019. An déi iwwer 6.000 Dossieren, déi opgemaach goufen, sinn nach net all traitéiert. Fir datt iwwerhaapt eng Assurance opkënnt, mussen déi betraffe Leit eng Couverture Inondatioun hunn. Vum Direkter vun der Assurancen-Associatioun ACA, Paul Origer, ass et nach emol de Rappell, zesumme mat sengem Agent ze kucken, wéi een assuréiert ass, fir schlechten Iwwerraschungen aus dem Wee ze goen.

"No der Katastrophe vum Ärenzdall huet sech schnell bemierkbar gemaach, datt do wierklech de Besoin ass fir sou eng Couverture. An d'Assureuren hunn hir Responsabilitéit geholl. Hu sech engagéiert fir jidderengem, deen eng Assurance Habitation huet oder eng Assurance Incendie, d'Méiglechkeet ze ginn, sou eng Couverture Inondation ze huelen. Normalerweis ass do d'Zomm, déi assuréiert ass, 200.000 Euro. Fir d'Gebai an de Contenu. Just mat der Restriktioun, datt an deenen Zonen, déi als inondabel ausgewise sinn, mat engem Risque décennal, do ass d'Zomm op 20.000 Euro limitéiert." 

Déi Kaarte gi vum Waasserwirtschaftsamt opgestallt. Den Direkter vun der Assurancen-Associatioun ACA gëtt ze bedenken, datt Leit, déi direkt um Waasser liewen, meeschtens wësse mat der Problematik Héichwaasser ëmzegoen an och meeschtens hir Precautiounen huelen.

Wann een d'Couverture Inondations huet, da wieren Miwwel, elektresch Apparater, d'Heizung och verséchert, egal wou se sech am Haus befannen. Och zum Beispill am Keller.

Am Kader vun den Iwwerschwemmunge vu Mëtt Juli goufen hei zu Lëtzebuerg och iwwer 1.000 Autoen, meeschtens sou uerg beschiedegt, datt se net méi gefléckt kënne ginn. Hei kënnt nëmmen eng Versécherung op: d'Kasko. Just an engem prezise Fall kann hei d'Couverture ausgesat ginn. Wann en Automobilist duerch eng offiziell gespaarte Strooss fiert.

"Et ass kloer, datt dat onverantwortlech ass, wann eng Strooss wéinst Héichwaasser gespaart ass an et fiert een trotzdeem derduerch. An deem Fall géif den Assureur net opkommen", sou de Paul Origer.

Haut steet fest: 2021 gëtt ee ganzt deiert Joer hir d'Lëtzebuerger Assurance-Gesellschaften. Nieft den iwwer 120 Milliounen Euro, déi am Kader vum Héichwaasser vu virun engem Mount ausbezuelt musse ginn, huet d'Donnerwieder vum 4. Juni bannen zwou Stonne Schied an Héicht vun 30 Milliounen Euro zeréckgelooss.

Back to Top
CIM LOGO