BiermerengDéidlechen Accident um Samschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Géint 20.50 Auer hat en Automobilist um CR150 d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war vun der Strooss ofkomm.
© RTL (Archiv)

Dobäi ass hie mat der Chaufferssäit géint e Bam gerannt. Fir den 48 Joer ale Chauffer aus der däitscher Grenzregioun ass all Hëllef ze spéit komm.

De CGDIS mellt donieft nach 4 aner Accidenter. Géint 17 Auer um Samschdeg sinn tëscht Äischer an Draufelt een Auto an e Moto net laanschtenee komm. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Tëscht Rombach a Maartel huet et kuerz no 22 Auer och gerabbelt. Do gouf et een Blesséierten.

Op der A13 Direktioun Schengen tëscht Bireng an dem Beetebuerger Kräiz waren kuerz virun Hallefnuecht direkt 3 Autoen am Coup. Do awer just een Blesséierten.

An zu Esch huet gouf et géint 0.30 Auer och een Accident mat engem Gefier. Do och een Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO