Op engem ChantierDéidlechen Aarbechtsaccident zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Op engem Chantier an der Rue Zénon Bernard zu Esch koum et de Mëttwoch de Mëtteg zu engem déidlechen Aarbechtsaccident.
© Domingos Oliveira

En Aarbechter, deen am Gruef geschafft huet, gouf vu Buedem, dee gerutscht ass, déidlech blesséiert. Eng Stolkonstruktioun, déi de Beräich ofséchere sollt, hat dem Drock vum Buedem noginn.

D'Versich, de Mann ze reaniméieren, sinn ouni Succès bliwwen. Hien ass nach op der Plaz u senge Blessure verstuerwen.

De Parquet gouf informéiert an Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet. Och d'ITM war wéinst dem Accident op der Plaz.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO