
No der Kollisioun mam Bam ass den Auto an eng Wiss geschleidert ginn. De 24 Joer jonke Chauffer souz eleng am Auto. Hien ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.
De Parquet huet d'Police judiciaire mat enger Enquête befaasst an eng Autopsie vum Verstuerwene gefrot.
Op der Plaz waren de Samu, d'Pompjeeë vu Monnerech a Schëffleng, grad ewéi d'Ambulanz vun Esch.
Et war den 3. déidlechen Accident bannent just 5 Deeg.