JoresréckbléckDéi wichtegst Prozesser op de Geriichter hei am Land

RTL Lëtzebuerg
E Réckbléck op d'Justizjoer 2020 vum Eric Ewald.
© AFP (Archiv)

Liewenslänglech fir en Ex-Polizist wéinst dem Duebelmord vu Bäreldeng a Fräisproch fir d'fréier Geheimdéngschtleit Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer am sougenannte SREL- oder Frisbee-Prozess. Dat waren zwee vun den Haaptfaiten dëst Joer op de Geriichter hei am Land.

Joresréckbléck Justiz/Reportage Eric Ewald

Enn Juli gëtt um Stater Geriicht liewenslängleche Prisong fir den Ex-Polizist gesprach, deen am September 2016 zu Bäreldeng seng Schwëster a säi Schwoer mat Gëft ëmbruecht hat. De Mann hat den Affer Zyankali an e Gedrénks gemaach.

Ufank Dezember bleift et op der Cour d'appel an der Stad bei eemol liewenslänglech an eemol 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis, an der Affär ëm zwee Morden, am November 2016, um Schléiwenhaff a beim Fräiheetsbam. Um Schléiwenhaff war en Drogendealer a beim Fräiheetsbam eng Prostituéiert ëmbruecht ginn.

"Mir mussen elo d'Urteel liesen, fir ze verstoen, wat ass d'Iwwerleeung, déi d'Riichter gemaach hunn, ob eng Méiglechkeet besteet, eventuell, fir eng Cassatioun ze maachen", esou de Me Rosario Grasso, Affekot vun deem Mann, dee liewenslänglech krut.

Demselwechten Dag kritt e Mann op der Cour d'appel 30 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis probatoire, fir e Mord, am Juni 2018, zu Schëffleng. Hien hat seng Liewenspartnerin ëmbruecht.

Mëtt Februar bleift et op der Cour d'appel an der Stad bei 15 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis probatoire, fir eng Fra, déi am Februar 2015 hire Partner zu Mäertert 3mol mat engem Messer gepickt hat. Zwou vun de Blessure waren déidlech.

Enn Juli gëtt e Mann um Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 20 Joer verurteelt, well hien am November 2018 zu Esch eng Fra op d'mannst 8mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen hat.

Enn November ginn um Dikrecher Geriicht 12 Joer Prisong, 10 dovu mat Sursis probatoire, fir eng Fra gesprach, déi hiren deemolege Partner am Oktober 2018 zu Réiden mat engem Messer an d'Broscht gestach hat.

Ufank Oktober kritt e Mann um Stater Geriicht 12 Joer Prisong, 6 dovu mat Sursis probatoire; him war virgehäit ginn, am Juli 2018 an der Géigend vun engem Café no bei der Escher Gare en anere Mann mat engem Messer an de Réck gestach ze hunn.

Enn Mäerz gouf e Mann um Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vu 24 Joer, 4 dovu mat Sursis, verurteelt. Am Juli 2018 hat hien zu Réimech seng deemoleg Frëndin déidlech mat engem Messer blesséiert.

Enn November gëtt um Stater Geriicht am Prozess ëm den Doud, am Januar 2017, vum Ana Lopes liewenslängleche Prisong fir den Ex-Frënd vum Affer gefuerdert. D'Urteel ass fir den 12. Januar.

Enn Juni kënnt um Stater Geriicht de sougenannte SREL- oder Frisbee-Prozess mat engem Fräisproch fir déi 3 Ugeklote Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer op en Enn: Et goung dobäi ëm eng Oflauschteraktioun op den Elektronikspezialist Loris Mariotto.

"Et ass en Zeeche vu Riichterkonscht, fir aus deem Dossier, wéi deen hei virgeluecht ginn ass, dat doten Urteel ze maachen. Et ass gerecht, et ass richteg an et entsprécht deem, wat mir gefrot hunn.", esou de Me Pol Urbany, Affekot vum André Kemmer.

Enn November gëtt um Dikrecher Geriicht en Ex-Geheimdéngschtmann am Prozess vun de SREL-Autoen zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 25.000 € condamnéiert. An der Haaptsaach war dem Mann virgehäit ginn, ronn 140.000 € ënnerschloen ze hunn aus dem Verkaf vu 4 Luxusautoen, déi dem SREL gehéiert haten.

Mëtt Oktober gëtt den Armand Clesse op der Cour d'appel fräigesprach. Am juristeschen Nospill vun eiser Emissioun Background vum Februar zejoert iwwert d'Juegd war et ëm eng Klo vun zwee Jeeër géint de fréieren Direkter vum „Institut d'études européennes et internationales" gaangen, wéinst Aussoen an där Emissioun.

Enn Oktober gëtt den Dan Da Mota um Stater Geriicht zu zwee Joer Prisong mat Sursis probatoire an zu enger Geldstrof vu 5.000 € verurteelt. Dem fréiere Futtball-Nationalspiller war Abus de faiblesse virgehäit ginn; tëscht Januar 2016 a Mee 2018 soll den Offensivspiller un eppes méi wéi 165.000 € vun enger Fra komm sinn.

Ufank Abrëll gëtt den Tun Tonnar och op der Cour d'appel fräigesprach. A sengem Lidd „FCK LXB", dat fir „Féck Lëtzebuerg" steet, war sech Enn 2018, an der Campagne fir d'Chamberwalen, ë.a. un der adr geriwwe ginn.

"E ganz wichtegt Urteel an et kann een der Justiz nëmme felicitéieren, dass se der Tentatioun entgaangen ass, fir sou Saachen ze sanktionéieren, well soss gi mer net méi fäerdeg.", esou de Me Philippe Penning, Affekot vum Tun Tonnar.

Enn Juli gëtt en Ex-Prof, dee wéinst „Attentat aux moeurs en relation avec un mineur" de Prozess gemaach kritt hat, um Stater Geriicht zu 8 Joer Prisong mat Sursis probatoire verurteelt. Dem fréieren Attaché à la direction vum Bouneweger Lycée technique war ë.a. de Viol vun engem Mannerjärege virgehäit ginn. D'Mamm vun engem Affer, dat sech no de Faiten d'Liewe geholl hat:

"Lui, il est parti, moi, ma souffrance, elle est restée! Et moi, je vous dis franchement: Je souhaite ça à personne."

Enn Juli kritt de Mannerjäregen, deen zanter Januar zu Schraasseg sëtzt, um Stater Geriicht ee Joer Prisong, d'Hallschent dovu mat Sursis probatoire. De jonke Mann hat sech wéinst Coups et blessures volontaires géintiwwer Gardienen an dem Responsabel vun Dräibuer ze veräntweren, dat am Zäitraum vu Juli bis November zejoert.

Eriwwer dann op déi aner Geriichter... Mëtt November annuléiert d'Cour de Cassation en Urteel vun der Cour d'appel, an där et ëm d'Fro goung, wat e Polizist maachen däerf, wann en net am Déngscht ass. Fir d'Cassatiounsriichter war et net richteg, dass déi 1. an déi zweet Riichter e Procès-verbal, deen e Beamte baussent senger Déngschtzäit geschriwwen hat, annuléiert haten.

Am Zesummenhank mat der Corona-Kris huet d'Verwaltungsgeriicht Covid-Strofe confirméiert, annuléiert a reduzéiert. Mëtt dës Joers kréien d'Stater Gemeng, de viregten Inneminister an d'Ëmweltministesch am Dossier Schoettermarjal an am Dossier Kennedy Sud Onrecht, a Mëtt November de Mouveco, deen de sougenannte „Memorandum of Understanding" tëscht dem Staat, der Gemeng vu Biissen a Google iwwert de geplangten Datazenter vum Internetris wollt kommunizéiert kréien.

Back to Top
CIM LOGO