Santé: Réckbléck op déi lescht 7 DeegDéi meescht Leit stieche sech an der Famill un

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum 21. bis de 27. September gouf et 460 Neiinfektioune mam Coronavirus. Déi Woch virdru waren et der nach 672.
© RTL-Grafik

Woche-Réckbléck vun der Santé / Reportage Annick Goerens

D'lescht Woch goufe knapp 4.000 manner Corona-Tester bei Residentë gemaach, wéi déi Woch virdrun: nämlech 36.818 Tester. Dovunner ware 460 Leit positiv, wat der 73,47 op 100.000 Awunner sinn an domat läit Lëtzebuerg weiderhin iwwert dem Inzidenz-Wäert vu 50.Dat geet aus der Woche-Statistik vun der Santé ervir, déi e Mëttwoch de Mëtteg publizéiert gouf.Vun de knapp 37.000 Tester goufen der ronn 13.500 duerch eng Ordonnance vum Dokter gemaach, knapp 16.000 duerch Large-Scale-Test-Invitatiounen, ronn 2.300 mat engem Voucher, deen et um Findel gouf a ronn 5.150 am Kader vum Contact Tracing.D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit bei 1.123, par Rapport zu 953 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn, ass vu 6.839 op 7.129 eropgaangen.De Reproduktiounstaux ass vun 1,47 op 0,61 erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester ass och erofgaangen an dat vun 1,65% op 1,25%.D'Altersmoyenne bei den Neiinfizéierten ass op en Neits geklommen a läit elo bei 35 Joer. Déi Woch virdrun louch dee bei 33,3 Joer.De Grand-Duché läit fir d'zweete Woch noenee mat 73,47 Fäll weiderhi bei iwwer 50 Infizéierter op 100.000 Awunner.Leit, déi a Quarantän sinn oder waren

D'Zuel vu Kontakter louch tëscht dem 21. an dem 27. September bei 4.670 (-14% am Verglach mat der Woch virdrun). 2.411 Persounen dovunner waren a Quarantän (-14%). Dobäi kommen 1.095 Leit, déi isoléiert gi sinn (+42%).
D'Opdeelung vu Quarantänen an Alterstranchen

  

0-14 ans

15-29 ans

30-44 ans

45-59 ans

60+ ans

10.08.2020

16.08.2020

18%

27%

25%

22%

7%

17.08.2020

23.08.2020

17%

30%

25%

22%

6%

24.08.2020

30.08.2020

18%

30%

24%

21%

6%

31.08.2020

06.09.2020

19%

31%

24%

22%

5%

07.09.2020

13.09.2020

25%

25%

25%

20%

6%

14.09.2020

20.09.2020

30%

23%

23%

18%

6%

21.09.2020

27.09.2020

31%

24%

21%

18%

6%


D'Majoritéit vun de Leit huet sech an der Famill ugestach

De Prozentsaz vun de Persounen, déi sech an der Vakanz infizéiert hunn, geet weider zeréck an dat vun 31% op 30%. Domadder ass d'Vakanz net méi den heefegste Grond, wou sech déi meeschte Leit mam Coronavirus infizéieren. Op éischter Plaz ass elo mat 31% d'Kontaminatioune bannent Familljen. 7% vun de Fäll sinn op Infektiounen op der Aarbecht zeréckzeféieren, 6% am Gesondheetsberäich, 3% am Enseignement an 3% op Aktivitéiten an der Fräizäit.Op 13 Kläranlage gëtt d'Ofwaasser iwwerdeems op de Coronacirus ënnersicht: d'Kontaminatioun ass liicht an d'Luucht gaangen. Et géing een och nach ëmmer déi geographesch Differenze gesi mat 4 Statiounen déi staark impaktéiert sinn: dat si Beggen, Schëffleng, Péiteng a Beetebuerg. Eng ganz däitlech Hausse vum Virus am Ofwaasser hätt een iwwerdeems zu Wolz kënne feststellen.  Just 3 vun 13 Kläranlagen hätte guer keng Tracë vum Coronavirus.

LINK: Réckbléck vun der Woch

Back to Top
CIM LOGO