No der Ukënnegung vun der FamilljeministeschDéi annoncéiert Reindexéierung vum Kannergeld geet dem OGBL net duer

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift den Onofhängege Gewerkschaftsbond en Donneschdeg an engem Communiqué.
© AFP

D'Familljeministesch Corinne Cahen hat viru kuerzem an der Chamber confirméiert, datt d'Kannergeld op den 1. Januar d'nächst Joer nees soll un den Index gebonne ginn. Dee Mechanismus war 2006 ofgeschaaft ginn. Den OGBL stéiert sech drun, datt de Wäertverloscht fir d'Familljen aus de leschte 15 Joer net kompenséiert gëtt.

D'Gewerkschaft hat gefuerdert, d'Familljenzoulage missten ëm 7,7% opgebessert ginn, virun allem well den Aarmutsrisiko nach weider geklommen ass an d'Pandemie besonnesch Stéit mat niddregem Akommes getraff huet. Den OGBL fäert donieft, déi annoncéiert Reindexéierung d'nächst Joer kéint eng Mogelpackung sinn. Sollt déi nächst Indextranche nach Enn des Joers falen, misst déi op alle Fall mat a Betruecht gezu ginn.

PDF: Communiqué OGBL Reindexierung der Familienzulagen

Back to Top
CIM LOGO