Summerserie Made in LuxemburgDeel 5: ArcelorMittal um Belval an zu Biissen

RTL Lëtzebuerg
A 60 Länner ass de Stol-Gigant präsent, eleng zu Lëtzebuerg gëtt et 8 Sitten.
Summerserie Made in Luxemburg (5): ArcelorMittal
A 60 Länner ass de Stol-Gigant präsent, eleng zu Lëtzebuerg gëtt et 8 Sitten.

An eiser Summerserie "Made in Luxembourg", wou mir Iech all Woch eng Lëtzebuerger Entreprise virstellen, kréie mir en Abléck an d'Fabricke vum weltwäite Leader an der Stol-Produktioun: ArcelorMittal.
D'Vidosava Kuzmic huet sech d'Produktiounssitte Belval a Biissen méi genee ugekuckt a weist Iech, wat do hiergestallt gëtt.

Op méi wéi 100 Joer Geschicht kuckt déi weltwäit Nummer 1 ënnert de Stol-Produzenten zeréck. 1911 huet alles mat der Arbed ugefaangen, um Belval ass deen éischten Héichuewen ageweit ginn. An nach haut ginn hei virun allem Palplanchë produzéiert – zanter 2006 awer ënnert dem Firmen-Numm ArcelorMittal. D’Virmaterial kënnt aus dem Stolwierk vun Déifferdeng a gëtt dann op 1.300 Grad erhëtzt. Wann déi Temperatur erreecht ass, gëtt et ausgewalzt bis et seng endgülteg Form kritt. Vun den urspréngleche 6 Meter kënnt een op e Stéck vu bis zu 95 Meter, wat dann op déi Längt zougeschnidde gëtt, déi de Client wënscht, erkläert de Pierre-Nicolas Werner, Responsabele vun der "Strooss 2" um Belval.

ArcelorMittal ass de Virreider an der Produktioun an Entwécklung vu Palplanchen. Mëttlerweil ginn um Belval pro Joer ronn 500.000 Tonnen dovun hiergestallt, mat zum Deel den originalen Installatiounen aus dem Joer 1911. Vun der éischter Etapp, dem Erhëtzen, bis bei de fäerdege Produit dauert et 5 Stonnen. A geliwwert gëtt weltwäit – virun allem awer an Europa, wou déi gréisst Marchéen Holland, Däitschland a Groussbritannien sinn. Ma och an Nordamerika oder souguer an der Antarktis fënnt ee Palplanchë vun Esch.

Virun allem an de Beräicher Hafebau, Infrastruktur a Mobilitéit, an Ëmwelt- oder Héichwaasserschutz komme Palplanchen zum Asaz. Andeems déi eenzel Deeler matenee verbonne ginn, entsteet eng Zort Mauer. Jee no Besoin huet de Client de Choix tëscht verschiddene Profiller.

D'Palplanchë vum Belval an déi sougenannt "Jumbo Beams" vun Déifferdeng sinn zwar wuel déi bekanntste Produite vun ArcelorMittal, ma net déi eenzeg déi grousse Succès hunn.

Zu Biissen gëtt zanter méi wéi engem Joerhonnert an enger fréierer Neelfabrik Drot produzéiert: fir d'Beräicher Industrie, Transport a virun allem Landwirtschaft. Mat hirem Drot fir d'Riewen an de Wéngerten ass d'Firma ArcelorMittal Leader um europäesche Marché. Déi éischt Etapp an der Produktioun ass dobäi de sougenannten "Tréfilage". Dobäi gëtt ee Basis-Drot vun 5,5 Millimeter Diameter op eng Déckt vu manner wéi engem Millimeter gezunn. Duerno gëtt e galvaniséiert. Bei deem Prozess gëtt eng Schicht Aluminium, Zénk a Magnesium opgedroen, déi den Drot rascht-resistent mécht. Déi speziell Beschichtung suergt dofir, dass den Drot immens laang hält: ronn ee Véierelsjoerhonnert, ähnlech wéi ee Wéngert.

Nieft dem Drot ginn zu Biissen awer och fäerdeg Clôturë produzéiert a Metallfaseren, déi ënnert de Bëtong gemëscht ginn, fir en ze verstäerken. Sou kënnt een zu Biissen op ee Produktiounsvolume vun 140.000 Tonnen d'Joer.

Den Knowhow ass ee vun de Pilieren, op deenen de weltwäite Succès vun ArcelorMittal baséiert. Am Joer 2018 konnt de Grupp en Ëmsaz vu 76 Milliarden Dollar maachen, mat 92,5 Milliounen Tonne produzéiertem Stol. Lëtzebuerg bleift dobäi ee wichtege Standuert, well verschidde Produite just hei hiergestallt ginn, erkläert de Pierre-Nicolas Werner.

An hirer méi wéi 100 Joer laanger Geschicht huet d'Entreprise och déi eng oder aner Kris iwwerstanen. D'Arbed an duerno d'Arcelor hu grouss Fusiounen hannert sech bruecht. Fir de Stol-Ris ArcelorMittal bleiwen awer och haut eng Rei Defien. Engersäits sinn et wirtschaftlech Defien, vue dass de weltwäite Marché vu Geopolitik an Handelskricher beaflosst gëtt, anerersäits gëtt d’Konkurrenz vun Drëttlänner ëmmer méi grouss. "Eng deloyal Konkurrenz", seet de Pierre-Nicolas Werner, well déi Länner net un déi nämmlecht CO2-Moossname gebonne si wéi europäesch Entreprisen. Ee vun de gréissten Defien ass et awer, d’Produktioun vu Stol méi ëmweltfrëndlech ze maachen.

Den Iwwerbléck vun der Serie

Deel 1: Lang’s Lights zu BäerbuergDeel 2: Euro Composites zu IechternachDeel 3: Marc Pesch sàrl zu KäerjengDeel 4: Ceratizit zu Mamer

Back to Top
CIM LOGO