
D'Géigend vum Péitruss-Dall gouf hei reegelméisseg vun dësem Dealer mat Heroin a Kokain versuergt. Am Ganze goufe 6 Keefer bei der Aktioun kontrolléiert. Dobäi konnte schonn eng Partie Droge confisquéiert ginn.
Den Dealer selwer konnt um Boulevard de la Pétrusse festgeholl ginn. Hien hat 363 Euro bei sech, an am Ganzen 103 Bullen Heroin an 81 Bulle Kokain. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter. Deen huet e Mandat d'arrêt ausgeschwat.