
Ob hien un Italien ausgeliwwert gëtt oder net decidéiert d’Chambre du Conseil dëse Freideg, esou de Parquet général op Nofro hin. De Santo Rumbo huet dann 3 Schaffdeeg Zäit, fir e Recours géint d’Decisioun ze maachen. An Appell hunn d’Riichter 20 Deeg Zäit fir hir Decisioun ze huelen.
De Santo Rumbo ass eréischt zanter puer Méint hei am Land, mä gouf scho Co-gérant vun engem Café zu Déifferdeng. Hie gëtt verdächtegt am Déngscht vu sengem Papp fir d’kanadesch „Ndrangheta Connection“ ze handelen. Hir Originnen huet d’Ndrangheta a Kalabrien.