Paulette Lenert am RTL-Interview"De Risk, datt d'Neiinfektiounen nees klammen, ass ganz reell"

RTL Lëtzebuerg
Dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an engem Interview mat RTL 5minutes.
© Mike Elsen / RTL

D'Verbreedung vum Virus kéint vun engem Dag op deen aneren nees unzéien, esou laang een net een Niveau erreecht hätt, dee gutt ze geréieren ass. Den Ament géifen d'Neiinfektiounen, trotz Réckgang, op engem héijen Niveau bleiwen.

De gréisste Risk sech unzestieche bleift, der Santésministesch no, am klengen a familiäre Krees. Och wann nëmme wéineg Leit zesummekommen. Sou laang de Virus ënnert eis ass, wier all Renconter e Risiko. D'Leit géife sech an der Famill an enger falscher Sécherheet fillen.

Grad elo am Wanter wou de Virus vill zirkuléiert misst ee weider virsiichteg bleiwen, och wann déi éischt Vaccinen elo hei am Land disponibel sinn. Haut hätte mer op alle Fall keen enorme Stock un Impfdosissen. Dat géif eis elo net retten, sou d'Paulette Lenert am Interview.

De ganzen Interview mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert gëtt et bei de Kolleege vum 5minutes.

Back to Top
CIM LOGO