
De presuméierte Mafioso, deen de 9. August zu Zolwer festgeholl gi war, soll, wann et der Chambre du Conseil nogeet, un Italien ausgeliwwert ginn. D’Chambre du Conseil huet dat e Freideg op jidder Fall decidéiert.
De Santo Rumbo, deem virgehäit gëtt am Déngscht vun der Ndrangheta operéiert ze hunn, huet elo nach 3 Deeg Zäit fir an Appell géint dës Decisioun ze goen. D'Riichter hunn dann 20 Deeg Zäit, fir hir Decisioun ze huelen.