"Sozialdialog hapert"De Marc Hansen erstaunt iwwer Aussoe vun der CGFP

Pierre Jans
De Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen ass erstaunt iwwer d‘Aussoe vum President vun der CGFP Romain Wolff.

De Romain Wolff hat e Mëttwoch de Moien hei op der Antenn gesot, virop zwee Regierungsmembere géifen express Falschaussoe maachen iwwer de Gehälteraccord tëscht Staat a CGFP. Reprochen, déi ee vu viséierte Ministeren am RTL-Interview net gëlle léisst.

De Minister vum ëffentlechen Déngscht ass méi ewéi erstaunt iwwer d'Kritik vun der Staatsbeamtegewerkschaft. De Marc Hansen seet, hie wär e Mëttwoch de Moien ënnerwee op Senneng an d'Schlass gewiescht fir eng Entrevue mam CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger, wéi hien um Radio héieren huet, wéi de President sot, de Sozialdialog géif haperen. Dofir géif hie sech Froe stellen, seet de Marc Hansen. Iwwerdeems wären déi nächst Wochen nach e puer gréisser Negociatiounen tëscht Staat a CGFP virgesinn.

Marc Hansen erstaunt iwwer CGFP-Aussoen / Rep. Pierre Jans

De Marc Hansen fillt sech zu Onrecht attackéiert. Ëmmerhin hätten d'Regierung an eben d'CGFP eréischt am Mäerz e Gehälteraccord ënnerschriwwen. D'Gewerkschaft hat keng Erhéijungen am Punktesystem fir d'Paie beim Staat oder Haussë bei de Primme gefuerdert. Wéinst der Kris, wéi d'CGFP schonn am Hierscht zejoert op enger Pressekonferenz annoncéiert hat. Elo reprochéiert de President Romain Wolff dem Minister Hansen an deem vun der Educatioun Claude Meisch, dësen Accord als Excuse ze benotzen, fir sektoriell Verbesserungen ze verhënneren.

''An deem Accord steet kloer dran, dass et keng strukturell Augmentatioune géif ginn. Dat ass tëscht Parteien ofgemaach. Dorun hale mir eis. Wat Ënnerorganisatiounen ugeet, steet an zwee ganz spezifeschen dran, dass do effektiv e Problem wär, dee misst ugaange ginn. Déi ënnescht Karriäre sollen harmoniséiert ginn a bei den Aide-Soignantë soll corrigéiert ginn. Wa mir zwee spezifesch Beräicher ervirhiewen, wou mir eppes maachen, dann ass et jo och kloer, wat de Geescht vun deem Accord salarial ass'', reagéiert de Marc Hansen.

Eng sougenannt Nullronn. Deen aktuelle Gehälteraccord an der Fonction Publique leeft bis Enn 2022. Da gëtt nei negociéiert. An da wäert d'CGFP bei hire Revendicatioune wuel net méi op strukturell Erhéijunge verzichten. Wëssens, dass een dann an engem Waljoer ass.

Invité vun der Redaktioun (28. Juli) - Romain Wolff: "Mam Soziadialog hapert et enorm"

Back to Top
CIM LOGO