Léieren emol anescht a mat der Famill. Dat ass d'Iddi hannert enger Initiative zu Beefort déi e Rallye fir Kanner an d'Liewe geruff huet wou ee spilleresch, dat wat een an der Schoul geléiert huet kann ëmsetzen.
Dobausse léieren – fir vill Leit en éischter vage Gedanke wann een un déi klassesch Schoulsäll denkt. Ma eng Approche déi sech net nëmme wärend dem Confinement als flott Alternativ bewisen huet. D'Sandra Leoni, Kraiderpedagogin a Léierin Beefort Grondschoul : "Mir bis elo si mer déi lescht 2 Joer ëmmer mat de Kanner eraus an de Bësch gaangen. Ewéi mer elo am Confinement ware konnte mer jo net zesummen erausgoen, dofir hu mer eis geduecht firwat net e Léier-Rallye maachen aplaz hinnen Aarbechtsfichen ze ginn. Et gëllt hinnen ze weisen, datt dat wat se léieren och kann dobausse benotzt ginn."
Am Homeoffice koum d'Iddi – op ass de Rallye awer fir jiddwereen.
Lass geet den Tour am Zentrum zu Beefort beim Parking. Iwwer 4 Kilometer ginn et dann ëmmer erëm néi Exercicer ze bewältegen. ideal fir d'Kanner aus dem Cycle 2. Vu Rechenaufgabe bis Sproochen, Konscht a Musek ass e bësse vun allem vertrueden.
Eng Initiative, déi wéinst dem Succès, elo nach bis de 14. Juni verlängert gouf.
D'Joëlle Renoir, Naturcoach a Léierin zu Beefort an der Grondschoul: "An de Léierpued hei gëtt e bëssen en Abléck doranner ewéi ee sech dat ka virstelle wann emol eng kéier de Klassesall net an de 4 Wänn ass, mä dobaussen an der Natur. Et kann een och hei bausse schreiwen, rechnen, molen, et ass alles méiglech."
A Kollaboratioun mat der Naturpark Schoul, mat Ënnerstëtzung vun den 3 Lëtzebuerger Naturparken, kéint de Projet hei vu Beefort och méi ewéi een Doheem fannen.
Michel Schammel, zoustänneg fir d'Koordinatioun am Naturpark: "D'Iddi vum Léierpued ewéi mer en hei zu Beefort hunn kéint och an enger anerer Form, an anere Gemengen, anere Schoulen, an anere Regiounen ëmgesat ginn. Dat kéinte mer eis gutt virstellen."
Virun allem bei de méi Jonken ass d'Freet grouss: "Et ass wierklech cool. Et widderhëlt ee bëssen dat wat een déi lescht Jore geléiert huet. Et ass fir eis bal ewéi een Test fir ze kucken op mer et nach kënnen."
Wann d'Wierder da matspillt dierft dem Spaass fir d'ganz Famill dann näischt méi am Wee stoen.
