
An de Schäfferot réckelt den aktuelle Conseiller Arnold Jakobs no. Dat gouf e Freideg am Conseil decidéiert. De laangjärege Buergermeeschter René Daubenfeld hat jo rezent demissionéiert, aus gesondheetleche Grënn, awer och wéinst Differenzen am Schäfferot. Hie bleift Member am Gemengerot.