"Sech selwer iwwerlooss"De Jean Asselborn léisst d'Reprochë vun der Caritas net op sech sëtzen

RTL Lëtzebuerg
“Mis à la rue et exclus des foyers”, esou huet d’Caritas ee Communiqué iwwerschriwwen.

D’Hëllefsorganisatioun erkläert hei, datt Persounen, deenen hiert Recht op Asyl vun engem Geriicht zeréckgewise gouf, op der Strooss landen, well se aus de Foyere gehäit géife ginn, a vum Staat keng aner Alternativ fir ee Logement proposéiert kriten. Verschidde Persoune wieren och net am Stand, hire fräiwëllege Retour an hir Heemescht unzetrieden.

Caritas - Reportage Nadine Gautier

D’Reprochen si nawell hefteg. Ma op RTL-Nofro hin, ëm wéi vill Persounen et sech hei géif handelen, huet et vun der Caritas geheescht, datt 2 Persoune concernéiert wieren. Eng wier staatelos. Vun enger allgemenger Situatioun kéint een also net schwätzen. Mä vu spezifesche Fäll.

E Bréif wier an deem Sënn un den Ausseministère den 10. Dezember geschéckt ginn. De Ministère dierft dës Persounen net an enger sozialer an humaner Prekaritéit loossen, ass et den Appell vu Caritas. Eng Äntwert wëll d’Organisatioun bis dato nach net kritt hunn.

Den Ausseminister Jean Asselborn léisst d’Reprochen awer net op sech sëtzen. Wuel hätt d’Caritas eng Äntwert kritt. An och d'Kritik, datt de Staat Mënsche géif op d’Strooss sëtzen, léisst hien net gëllen.

Ee vun den zwee Männer wier an d’Ausland verschwonnen, esou den Ausseminister. Schonn den 28. November hätt hien de Foyer verlooss. De Mann muss also déi finanziell Moyennen gehat hunn. Wat déi zweet Persoun ugeet, esou wier déi vun der Caritas an enger Famill ënnerbruecht ginn. Datt de Foyer zu Monnerech, wou d’Männer dra waren, zougemaach sollt ginn, wier scho laang am Viraus bekannt gewiescht.

En plus sinn d’Asylprozeduren deboutéiert, also vum Geriicht zeréckgewise ginn, ënnersträicht de Jean Asselborn.

Hei dat offiziellt Schreiwes vun der Caritas vum Freideg

Mis à la rue et exclus des foyers

Caritas Luxembourg, dans sa mission d’aide aux plus démunis et fidèle aux valeurs humaines qui la guident dans toutes ses activités, est choquée que les autorités mettent des personnes déboutées du droit d’asile, mais présentant des situations particulières de vulnérabilité, à la rue en pleine période hivernale.

Tout en soutenant que la plupart des personnes déboutées du droit d’asile doivent accepter le retour dans leur pays d’origine, consciente que les places dans les foyers d’hébergement sont limitées et que l’accueil digne de nouveaux demandeurs de protection internationale reste une priorité du gouvernement luxembourgeois, Caritas Luxembourg considère toutefois que le réexamen de certains cas particuliers est indispensable.

Dans le cas où l’organisation d’un retour volontaire est possible, Caritas Luxembourg défend cependant la nécessité que celui-ci se fasse dans le respect de la sécurité et de la dignité de la personne.

Si ces conditions ne sont pas réunies, l’organisation humanitaire plaide pour une régularisation rapide des situations exceptionnelles afin de ne pas laisser les personnes concernées dans une précarité sociale et humaine.

Or actuellement, certains réfugiés déboutés et vulnérables sont mis à la porte des foyers et sont livrés à eux-mêmes. Ils n’ont pas la capacité de se prendre en charge de manière autonome et courent ainsi un grand danger en se retrouvant à la rue. L’accueil de ces personnes aux permanences sociales de Caritas Luxembourg, ainsi que l’accompagnement effectué dans les foyers pour réfugiés ont permis aux équipes de Caritas Luxembourg de connaître en détail la situation difficile de ces personnes particulièrement vulnérables et leur détresse extrême et permanente.

Caritas Luxembourg ne peut que dénoncer cette façon de procéder. Des alertes ont été faites aux autorités, mais sont à ce jour restées sans réponses. Caritas Luxembourg demande aux autorités un échange concernant les dossiers en question.

Back to Top
CIM LOGO