StadentwécklungDe Fonds Kirchberg baut op där anerer Säit vun der Stad den neie Quartier "MIDFIELD"

Monique Kater
De FUAK plangt a realiséiert de Projet um 40 Hektar groussen Areal tëschent der Cloche d'Or an dem Houwald. Éischte Spuedestéch: a 4 bis 5 Joer. D'Chamber huet am Februar d'Ännerung vum Gesetz gestëmmt.

1961 gouf de Fonds d’Urbanisation et d’Aménagement du Plateau de Kirchberg gegrënnt, mat der Missioun, 356 Hektar Felder a Wisen an en neie Stater Quartier ze verwandelen. Nach sinn déi Aarbechten net fäerdeg - an awer huet d’Regierung de FUAK mat engem weidere Projet beoptraagt: an zwar der Urbaniséierung vum sougenannte “Midfield”, enger nach onbebauter Fläch, tëschent der Cloche d’Or an dem Houwald. Als Etablissement publique soll de Promoteur mat seng Experienz am Plangen an Entwéckelen och iwwer de Kierchbierg eraus dierfe schaffen.

Fonds Kirchberg baut neie Quartier “Midfield” / Reportage: Monique Kater

Méi Liewensqualitéit duerch optional Ubannung un den ëffentlechen Transport

De Fong wäert d’Aarbecht vun den eenzelen Acteure koordinéieren, erkläert d’Architektin Sophie Glaesener. Bis haut existéiert just ee Plang iwwer d’Entwécklung vum Site, op deem ronn 5.000 Leit solle wunne kommen. Et entstinn Aarbechtsplazen, den neie Bouneweger Lycée an d’CFL kréien en héijen Tuerm um Midfield opgeriicht, sou d’Coordinatrice.

En Atout vum neie Quartier Midfield wier seng Top Ubannung un den ëffentlechen Transport – direkt niewent den Zuchschinnen, an deene vum Tram – den Arrêt ass Houwald Gare, deen zweetleschten Richtung Stadion. D’Diddelenger Autobunn an hire Stau bleift bis elo e Problem. De FUAK präziséiert, dass een déi aktuell Park&Ride-Capacitéiten net ewech hëlt, mee se géifen duerch en ënnerierdesche Parking fir 2.000 Autoen ersat ginn.

D’Liewensqualitéit – eent vun den Ziler an dësem Projet -wëllt een awer och duerch e weidere Park garantéieren, dee kéint mam grousse Park op der Cloche d’Or verbonne ginn.

Stad Lëtzebuerg a Gemeng Hesper concernéiert

D’Stad Lëtzebuerg, mee och d’Gemeng Hesper sinn an d’Entwécklung vum Quartier Midfield involvéiert, well d’Areal op Territoire vu béide Gemenge läit. De Fong versprécht en equilibréierten Iwwergang vun den neien, héije Gebaier, op de méi ländleche Charakter vun Hesper. Dat ass allerdéngs net dat eenzegt, dat der Hesper Gemeng wichteg ass. Hir Liewensqualitéit steet a fält nämlech mat enger anstänneger Stroosseninfrastruktur an déi feelt ëmmer nach, bedauert d’Buergermeeschtesch Diane Adehm. Wat de scho laang versprachene Contournement ugeet, zielt d’Diane Adehm op d’Bauteministesch a Ministre de Tutelle vum Fong a bedauert, dass et bis elo just technesch, mee keng politesch Reuniounen iwwer Midfield gouf.

Déi um Knuedler kennen de FUAK mat deem se zënter de 60er ze dinn hunn. Deen huet als ëffentleche Baudréier schonn eppes ze soen, op Stater Terrain, ouni awer d’lescht Wuert ze hunn, präziséiert d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Ouni Zesummenaarbecht géif dat hei näischt ginn. Beim Plange muss de FUAK sech nämlech un de PAG halen, an deen zeechent an ännert d’Stad, wann néideg.

Konkret Pläng feelen nach, bedauert d’Buergermeeschtesch an erkläert, dass d’Grenz tëscht Stad an Hesper hei an do misst verréckelt ginn, well déi matzen duerch Parzelle géing.

Mam selwechten Numm an neier Missioun

De FUAK, dee säin Numm behält, wäert och 50% abordabele Wunnraum an de Projet eranhuelen, sou den Direkter Marc Widong. Den éischte Spuedestéch kéint a 4 bis 5 Joer gefeiert ginn.

Dat neit Gesetz erlaabt dem Fonds Kirchberg net nëmmen tëscht der Cloche d’Or an dem Houwald ze bauen, mee den Etablissement Public däerf vun elo un och méi Sue léinen, dat mam Staat am Réck; den Terme Expropriéiere gouf aus dem Text gestrach, well quasi de ganzen Terrain Staatsterrain ass. Kafen a Verkafe mat an u Privat wier dofir elo méi einfach an de Fong schreift och seng eege Reglementer.

Neit Gesetz mat deem de Fuak dierf um Midfield bauen
Fannt hei de Plang vum neie Quartier "Midfield"

Back to Top
CIM LOGO