
En Dënschdeg an e Mëttwoch ass de Staatspresident vu Finnland, den Alexander Stubb, op offizieller Staatsvisitt hei zu Lëtzebuerg. Hien a seng Fra goufen en Dënschdeg de Moie mat militäreschen Éieren an enger offizieller Zeremonie virum Palais empfaangen.
En Dënschdeg de Moie gouf virum Palais déi finnesch Nationalhymn gespillt, fir e President, deen onst Land ganz gutt kënnt. Nodeem hie Premier a Finnland war, huet den Alexander Stubb a senger Funktioun als Vize-President vun der Europäescher Investitiounsbank vun 2017 bis 2020 hei am Land gewunnt a geschafft.
Empfaange gouf de Gaascht aus dem héijen Norden en Dënschdeg mat militäreschen Éieren. Eng éischt Staatsvisitt zanter dem Trounwiessel. Den Alexander Stubb a seng Fra iwwernuechten iwwregens als Gäscht vun der Groussherzoglecher Koppel am Palais. Do goungen d'Luuchten en Dënschdeg de Moie ganz fréi un. Sportlech, huet dem finnesche President säin Dag mat engem Jogging ugefaangen, wou just séier Bodyguards mathalen.
Vum Krautmaart goung et eriwwer op de Kanounenhiwwel, wou de finnesche President, begleet vum Premier Luc Frieden, e Kranz beim Monument vun der Nationaler Solidaritéit néiergeluecht huet an d'Éiweg Flam frësch ugefaangen huet. En Alexander Stubb, dee sech op Franséisch mat de Vertrieder vun de patrioteschen Associatiounen ënnerhalen huet.
Zeréck am Palais stoung de Rescht vum Moie ganz am Zeeche vu politesche Gespréicher. Béid Regierungen, déi Finnesch an déi Lëtzebuergesch, setzen sech op Internationalem Plang fir déi selwecht Wäerter an. De Multilateralismus, de Respekt vum Internationale Recht, de Respekt vun den Territoiren. Ma de Premier Luc Frieden well vun dëser Staatsvisitt profitéieren, fir d’Relatioune mat Finnland weider ze developpéieren:
"Ech géing gären iwwer déi Frëndschaft eraus, iwwer déi Wäerter a Prinzippien eraus, och a konkreete Beräicher méi mat Finnland maachen. Et ass en innovatiivt Land. Am Satellitte-Beräich, wou Lëtzebuerg staark ass, wat ganz wichteg ass an där neier Welt vun hybriden Attacken. Wou ee sécher Kommunikatioune muss hunn. Do wëll ech och mat Finnland méi enk zesummeschaffen", sou de Premier.
Finnland steet - grad wéi Lëtzebuerg - och als Member vun der Internationaler Koalitioun un der Säit vun der Ukrain, wat de russeschen Ugrëffskrich ubelaangt. Do gëtt de finnesche President ëmmer nees als ee vun de méigleche Vermëttler genannt, am Fall wou et zu Friddensgespréicher komme géif.
"Ma et dierf een net vergiessen, datt Finnland duerch den Ukrainkrich Member vun der NATO ginn ass. Datt Finnland ganz kloer op der Säit steet vun der Ukrain. An dofir mengen ech ass et schwiereg, Finnland eng neutral Vermëttlerroll ze ginn. Dat selwecht gëllt fir déi aner Staaten, déi an der Koalitioun vun de Wëllege sinn. Ech mengen als Vermëttler brauch een een Neutralen. Ma datt e gutt Kanäl huet, op ville Platzen och a Richtung Amerika, ass sécherlech fir eis vu groussem Avantage", sou de Luc Frieden.
Parallel zu de politesche Gespréicher hu béid Dammen, op Wonsch vun der Madamm Suzanne Innes-Stubb, den Nationale Musée fir Archeologie, Geschicht a Konscht um Fëschmaart besicht. Eng ganz interessant Visitt, déi wierklech d'Deplacement wäert ass, duerch déi d'Directrice Tania Brugoni gefouert huet.
Nom Mëttesiesse stoung dunn den Empfang an der Stater Gemeng um Knuedler um Programm, wou déi héich Gäscht mat Enthusiasmus empfaange goufen. A senger Ried huet de finnesche President sech mat Freed un déi Zäit erënnert, wou hien e vun den iwwer 130.000 Awunner vun der Stad Lëtzebuerg war.
Den Alexander Stubb huet sech och un déi Zäit erënnert, wéi d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer Ausseministesch war. Deemools wier hien als jonke Staatsbeamten e grousse Bewonnerer vun der Madamme Polfer an dem Premier Jean-Claude Junker gewiescht, wat hier Europäesch Iwwerzeegung ubelaangt huet.
Kuerz drop huet de finnesche President zwou Europäesch Institutiounen um Kierchbierg besicht. D'BEI, mat deem Büro wou en emol geschafft huet an den Europäesche Geriichts Haff. Iert de Grand Duc an d'Grand Duchesse den Owend op de Gala Dinner am Palais invitéiert hunn.
D'Police huet um Dënschdeg de Moien dann och informéiert, dass et wéinst der Visitt vum finnesche President vum 28.-30. September e Fluchverbuet fir Drone gëtt, dat op diverse Plazen am Land. Betraff sinn d'Uewerstad, de European Convention Center, de Glacis, Esch-Belval a Buerglënster. Detailer dozou ginn et hei.