
Op d'Joer gekuckt, gëtt eng Baisse vu bal 10% notéiert. Virun engem Joer hat d'Covid-Kris den Aarbechtsmarché staark perturbéiert. De Chômagetaux läit elo bei 6,1%.
Wat awer opfält ass, datt de Laangzäitchômage eropgeet. Am Abrëll goufe knapp 3.000 fräi Poste bei der Adem deklaréiert.