
Am Feierowendtrafic op der A3 Richtung Metz, tëscht Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz, si géint 17:35 Auer e Motorrad an en Auto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.
Zu Beetebuerg, an der Industriezon Wolser B, huet en Donneschdeg den Owend den Inhalt vun engem Unhänger vun engem Camion gebrannt. Ee Blesséierte mellt hei de CGDIS.
Kuerz virun 19 Auer ass an der Stad an der Bouneweger Strooss e Foussgänger vun engem Bus ugestouss ginn. Hei huet de SAMU musse geruff ginn.
Direkt 4 Blesséierter gouf et géint 19:40 Auer bei engem Accident tëscht Grolënster a Jonglënster, wéi zwee Gefierer anenee gerannt sinn. 3 Ambulanzen an de SAMU waren op der Plaz.
Zwou Persoune goufen dann nach bei engem Kichebrand zu Esch an der Rue Dr. Jean-Pierre Knaff verwonnt.