Déi GréngDe Carlo Back gëtt an der Chamber duerch d'Jessie Thill ersat

Fanny Kinsch
Um Krautmaart gëtt an de Reie vun de Gréngen am Januar en Ex-Nuklearphysiker duerch eng Ëmweltphysikerin ersat.
Carlo Back gëtt an der Chamber duerch d'Jessie Thill ersat
Um Krautmaart gëtt an de Reie vun de Gréngen am Januar en Ex-Nuklearphysiker duerch eng Ëmweltphysikerin ersat.

Et ass e Moment vun Erneierung vun der grénger Fraktioun, sot hir Cheffin Josée Lorsché virun der Press: den Zentrumsdeputéierte Carlo Back zitt sech Enn dës Joers komplett aus der aktiver Politik zréck a mécht Plaz fir déi nächst-gewielt op der Lëscht Jessie Thill.

No 20 Joer an der Politik an 3 Joer an der Chamber zitt de Carlo Back e Schlussstréch: hie géing d'nächst Joer 70 Joer kréien a wéilt elo méi Zäit mat senger Famill verbréngen. De fréieren Nuklearphysiker huet en Dënschdeg de Moie virun der Press zréckgekuckt op déi Momenter, déi hie gepräägt hunn.

"Ech hat eng gewësse Sympathie fir dës Form vun Energie an ech hunn och dunn 1979 am Commissariat à l'énergie atomique zu Paräis geschafft an dunn ass den Accident zu Harrisburg geschitt, dat war den éischte gréisseren Accident an der Nukleartechnologie."

Hien hätt sech du vill Froe gestallt an decidéiert, sech berufflech nei z'orientéieren.

"Meng perséinlech Conclusioun war eben, dass ech d'Nuklearenergie ëmmer méi a Fro gestallt hunn an ëmmer méi meng Distanz zu där Form vun Energie geholl hunn. Fir mech war et wichteg, Wäitsiichtegkeet an Transparenz an der Energiepolitik."

Dofir wier hie besonnesch houfreg, datt hie Rapporter fir d'Gesetzer iwwert d'Auto-consommatioun am Energieberäich an iwwert d'Energieeffizienz war. D'Relève vum Carlo Back hëlt am Januar d'Jessie Thill - si huet zwar eréischt 25 Joer, huet sech awer ewell op verschiddenen Niveauen engagéiert.

"Fir eng besser Welt musse mir de Klimawandel an d'Ongerechtegkeete bekämpfen. Dofir hunn ech mech scho ganz fréi am Lycée zum Beispill am Schülercomité, awer och am Sozialen, am Jugend-Roud-Kräiz engagéiert. Ech hat mech dann och am Jugendparlament gemellt, wou ech meng éischt Schrëtt an der Politik konnt maachen. Duerch meng Passioun fir Klima- an Ëmweltfroen hunn ech no mengem Bachelor an der Physik a Geowëssenschaften zu Stroossbuerg mäi Master an der Ëmweltphysik mat der Spezialiséierung Industrie an Ëmweltrisiken zu Paräis gemaach."

Haut schafft d'Jessie Thill an der Ëmweltverwaltung. Zanter 2020 ass si zweete Schäffen zu Walfer.

"E Projet, dee mer hei besonnesch um Häerz läit, ass dass mer als Walfer Gemeng op Initiative vum Schäfferot a sämtlechen Toilette Këschte mat gratis Hygiènesartikelen opgehaangen hunn. Dee Projet gouf am Ufank vill belächelt, mee deen awer deene Leit, déi et brauchen, konkret vill hëlleft an esou hiert Liewen och méi gerecht mécht."

Si wéilt hiert Mandat als Schäffin och nach weiderféieren, wier awer net géint eng Trennung vun de Mandater an Zukunft. D'Partei wëll nach intern beroden, wéi d'Chamberkommissioune vun 2022 u wäerte besat ginn, ma kloer wier schonn emol datt d'Jessie Thill sech an de Beräicher Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt engagéiere wäert.

Communiqué vun deene Gréngen

Back to Top
CIM LOGO