natur&ëmweltDe Broochschësser ass komplett aus dem Land verschwonnen

Roy Grotz
Suerge maache sech Ëmweltschützer, Biologen an Ornithologen och iwwert den Zoustand vun der Schleiereil, der Léierchen, dem Spatz an dem Piwitsch.
© Wikipedia / Andreas Trepte - Eigenes Werk, CC BY-SA 2.5

Net manner wéi 1.300 Froe kruten d'Responsabel zejoert vun der asbl natur&ëmwelt gestallt. Dovunner hu missten eng ronn 800 Ufroen iwwer Harespelen an hir Näschter vun den Experten op der Kockelscheier beäntwert ginn.

Vill Froen hunn awer och ëm d'Vulle gedréint, dat absënns wärend dem dréchenen a waarme Summer, dee mer 2019 erlieft hunn.

Dat geet aus dem Jores-Rapport vun der asbl ervir, déi dëst Joer hire Centenaire feiert.

Och op der rouder Lëscht vun de Villercher deet sech leider all Joer eppes: esou ass de Broochschësser komplett aus dem Land verschwonnen. Suerge maache sech Ëmweltschützer, Biologen an Ornithologen och iwwert den Zoustand vun der Schleiereil, der Léierchen, dem Spatz an dem Piwitsch.

Fir natur&ëmwelt war zejoert iwwerdeem och nees e Rekordjoer fir d'Déiere-Fleegestatioun, wou eng 3.500 Déiere vun 150 Zorten accueilléiert a gefleegt goufen.

Besonnesch wärend de ganz waarme Méint Juni a Juli goufe vill Déieren an dëser Statioun ofginn. Gezielt goufe 1.600 Déieren am Wëlldéier Drop-Off.

D'Fondatioun natur&ëmwelt bleift och weider aktiv fir d'Biodiversitéit z'erhalen a Biotopen ze schafen. Sou goufe bannent de leschte 40 Joer net manner wéi 1.500 Hektar un Natur-Reserve vun der asbl iwwer Land geschaf. D'lescht Joer goufe 74 Hektar opkaaft, ënner anerem eng Parzell Louhecken am Kiischpelt, mä och Wisen zu Meechtem an Elweng an der Muselregioun.

Back to Top
CIM LOGO