
Ugeklot war e Mann vun 39 Joer, dee sech am Februar op Facebook u sech géintiwwer Migranten ausgelooss hat. Am Verlaf vun der Diskussioun do hat hien awer op d'Säit vun der Ministesch d'Wuert "Juddepak" geschriwwen.
Hie wär am Garer Quartier an der Stad opgewuess an do wär et Usus gewiescht "Juddepak" ze soen, hat de Mann beim zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire deklaréiert. Hien hätt net gewosst, dass d'Corinne Cahen Judd ass, wat hien e Méindeg de Moien net vum President vum Geriicht gegleeft krut. Dem Enquêteur no wär et um Ufank vun der Diskussioun géint Migrante gaange, wéi awer dunn eng Persoun op d'Facebooksäit vun der Ministesch higewisen hat, hätt de Beschëllegten dat Wuert geschriwwen, wat hien och zouginn hat. Hie wär net mat der aktueller Regierung averstanen a géif der CSV an dem Jean-Claude Juncker nostoen, hat de Mann um Policebüro zu Protokoll ginn. Wouropshin de Riichter gemengt huet, "den Här Juncker géif dem Här eppes anescht soen!"
Woumat de President vum Geriicht awer nach net fäerdeg war: "Dat, wat Dir geschriwwen hutt, ass net normal! (...) Wann Dir op der Gare opgewuess sidd, da wësst Dir, wie Chaussures Léon ass. Dat ass der Ministesch hir Famill, hiert Geschäft. (...) Wann ee Garer Jong ass, da weess een dat! Wat Dir als Explikatioun gitt, ass totale Schwachsinn!“
Hien hätt net gewosst, dass d'Ministesch Judd wär, huet de Mann doropshi widderholl.
"Dir hutt net matkritt, dass op Walplakater "Judd" stoung!? Dat si souer wéi Dir! Wann dat toleréiert gëtt, da ginn anerer méi wäit! Där hate mer, dat wëlle mer ni méi!", huet de Riichter dozou nach bemierkt.
Och de Vertrieder vum Parquet huet drop verwisen, dass zejoert am Virfeld vun de Walen DP-Plakater mam Wuert "Judd" beschrëft goufen. Zu wat Antisemitismus féiere kéint, hätt een d'lescht Woch an Däitschland gesinn. De Mann sollt heifir zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro condamnéiert ginn.
D'Uerteel gëtt den 31. Oktober gesprach.