SchoulufankD'Caritas lancéiert hir Aktioun "Opération cartables"

RTL Lëtzebuerg
D'Schoulrentrée kënnt ëmmer méi no, a fir verschidde Familljen ass dat mat engem héije Käschtepunkt verbonnen.

Bei der Aktioun "Opération cartables" geet et drëms, datt d'Kanner, wou d'Eltere sech kee Rucksak a Schoulmaterial leeschte kënnen, vun der Caritas gehollef kréien.

D'Schüler an enger prekärer Situatioun ginn iwwert d'Offices sociaux rezenséiert an och selektionéiert a kënnen dann an de sozialen Epicerië vun der Caritas d'Saachen ofhuele goen.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO