Wéi ka Bildung dozou bäidroen, dass Kanner a Jugendlecher nohalteg denken an handelen? Dës Fro stoung en Dënschdeg am Mëttelpunkt op der 6. BNE-Foire um Geesseknäppchen, eng Foire fir d’Bildung fir eng nohalteg Entwécklung. Iwwer 70 Organisatiounen hunn hier Iddie presentéiert. Dorënner Administratiounen, ONGen a Bildungsariichtungen.
“Hei kréien déi Jonk an déi Erwuesse gewisen, dass mer konkret am Alldag eppes kënne maachen, fir eis Ëmwelt, eist Klima ze schützen”, betount den Ëmweltminister Serge Wilmes. Et géing awer net nëmmen ëm d’Ëmwelt goen, mee och ëm d’Sujeten Demokratie an Aarmutsbekämpfung. Dowéinst wier et wichteg, dass d’Léierpersonal d’Nohaltegkeet vermëttelt krit an dës an déi alldeeglech Fächer am Cour agebaut.
Verschidde Schoulen an Enseignantë loosse sech hei elo schonn eppes afalen. Dacks géing ganz vill Theorie vermëttelt ginn, mengt de Claude Hansen, Biolog a Prof am Dikrecher Kolléisch. Et wier awer d’Praxis, déi géing maachen, dass d’Schüler d’Matière verstinn. “Wann Dir e Beievollek opmaacht, dann erlieft der e klengen Ekosystem, deen de Kanner weist, wéi d’Zesummeliewe funktionéiere muss. Dir kënnt deene Jonken d’Zesummenaarbecht erklären. Dir kënnt hinnen awer och d’Ofhängegkeet vun der Natur, vum Klima erklären”, sou de Claude Hansen.
Den Interêt vun de Schüler war do. Vill gouf et z’entdecken. Och de Projet “Energiewende”, un deem d’Schüler scho méi laang tüftelen. “Mir hunn an de leschte Joren e Modell gebaut, wou mir mat Solarzellen, Wandrieder an sou weider schaffen. Fir ze weisen, dass en Duerf ka selbststänneg sinn”, erkläert de Radovan Lovrits, Schüler am Lycée Ermesinde zu Miersch.
Eng Zukunft opbaue wou d’Nohaltegkeet e Grondgedanken ass, ass d’Zil vun de jonken Entrepreneure Lëtzebuerg. “Mir wëllen net nëmmen Entrepreneure schafen, mee och wierklech responsabel Entrepreneuren. Dat heescht, mir wëllen, dass vu vir eran nei Entreprisen, déi gegrënnt ginn sech d’Fro stellen, wéi si mir méi nohalteg”, sou d’Myriam Baustert, Responsabel fir de Programm vu Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg
Vun der lokaler Nohaltegkeet goung et dann op der Foire bis bei déi global Nohaltegkeet. Stéchwuert: Entwécklungszesummenaarbecht, mam Beispill vun enger bioklimatescher Schoul am Burkina Faso. “Mir schaffen do mat lokale Materialien, dat heescht, eis Zille produzéiere mer op der Plaz mam Buedem op deem mer stinn. Mir benotze kee Stroum fir d’Gebaier ze ventiléieren oder ze beliichten”, ënnersträicht de Filipe Lima, President vun der ONG “Le Soleil dans la main”. Esou Schoule sollen et der dann eemol 15 ginn. Et wiere kleng Gesten, déi eng grouss Differenz am Alldag maachen. An dat stëmmt wuel iwwerall op der Welt.