Zu Lëlz huet e Samschdeg den Owend den Daach vun enger Sportshal gebrannt. Kuerz no 21:00 Auer ass d'Feier bemierkt ginn, dat e gréissere Pompjeesasaz ausgeléist huet. Op der Plaz waren d'Ekippen aus ganzer 11 Asazzenteren aus der Ëmgéigend: CIS Alebesch, Bauschelt, Clierf, Gréiwels, Groussbus, Angelduerf, Miersch, Rammerech, Réiden, Viichten a Wolz.
Aus der ganzer Regioun krute mer Fotoen erageschéckt, ënnert anerem vun Ënsber. Vu Kauneref war et d'Nouvelle, dass den Damp iwwer dem ganzen Duerf géif leien.
Blesséiert gouf keen, ma de Schued ass enorm, sou d'Buergermeeschtesch vun der Gemeng Esch-Sauer, Mireille Welter, e Sonndeg de Moien RTL géintiwwer. Den Daach wier komplett a sech zesummegefall an hätt mam Läschwaasser bannen an der Hal fir en Totalschued gesuergt.
D'nächst Woch misst da gekuckt ginn, wéi et mat der Assurance weidergeet, a wéi een de Sportsveräiner kann hëllefen, déi an där Hal hir Aktivitéiten hunn, esou nach d'Buergermeeschtesch.
Am Gebai, wat a Flame stoung, sinn ënnert anerem och Depote vun der Gemeng.
Géint 20:15 Auer ass zu Réimech eng Persoun ugestouss an dobäi blesséiert ginn.
A kuerz virun 19:30 Auer ass zu Giewel e Motocyclist gefall. Och déi Persoun gouf dobäi verwonnt.