Sonndesinterview mam portugiseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg"D'Portugise bleiwen hiren Originnen trei, huelen aus der Lëtzebuerger Kultur awer och d'Disziplin mat"

Rosa Clemente
Dat seet de Pedro Sousa e Abreu am RTL-Sonndesinterview. Den Interview gouf integral op Portugisesch gefouert.

Pedro Sousa e Abreu: "D'Portugise bleiwen hiren Originnen trei, huelen aus der Lëtzebuerger Kultur awer och d'Disziplin mat". Dat wier him als Ambassadeur opgefall, wéi hie viru knapp 3 Joer seng diplomatesch Karriär zu Lëtzebuerg ugefaangen huet. Hie wier enger ganz grousser, diversifizéierter a virun allem gutt integréierter Communautéit begéint, an dat géif hie freeën.

"Et ginn nach Clichéen, déi bestinn, an d'Bild vun der portugisescher Communautéit zu Lëtzebuerg agrenzen. Mee d'Wourecht ass, datt vum Commerce bis hin zum Botzsecteur iwwer d'Finanzwelt eraus bis an d'Cabinete vun de Ministeren: iwwerall an der Gesellschaft si Portugisen oder Leit mat portugiseschen Originnen, an dat ass eng immens Freed, virun allem fir mech, dee Portugal hei representéiert."

Den Interview gouf integral op Portugisesch gemaach.

Den Ament géif een och gesinn, datt déi nei portugisesch Awanderer ëmmer méi jonk a virun allem héich qualifizéiert sinn. Mee d'Migratioun aus Portugal géif sech iwwer d'Jore wéi eng rout Linn duerch zéien.

"De Portugisen hiren Engagement fir d'Aarbecht ass wierklech markant. D'Leit, déi hei an d'Land kommen, komme fir ze schaffen. Dat zeechent si aus. An dat mécht mech als Ambassadeur houfreg."

Donieft wier hien der Meenung, datt seng Landsleit allgemeng och einfach ee friddlecht Vollek wieren, déi sech gutt integréieren.

© RTL

Laang diplomatesch Karriär

D'Aarbecht als Ambassadeur hei am Land géif hien als eng immens dankbar Aarbecht bezeechnen. Dat well esou wuel de Kontakt mat der Communautéit a seng Proposen un déi ëmmer op een oppent Ouer stoussen. Awer och einfach well d'Relatioun mat de Lëtzebuerger Autoritéite laut him net besser kéinte sinn.  

"D'Relatiounen tëscht dem Grand-Duché a Portugal sinn einfach excellent. An dat vereinfacht enorm meng Aarbecht, a mécht och datt ech motivéiert sinn, fir d'Bezéiung tëscht den zwee Länner nach méi ze stäerken."

Zënter dem 4. Januar 2023 ass de Pedro Sousa e Abreu Ambassadeur zu Lëtzebuerg. Seng Roll als Representant a Vermëttler tëscht dem portugisesche Staat, de Luso-Communautéiten an dem Lëtzebuerger Staat weess hien ze schätzen.

Den 61 Joer alen Ambassadeur war viru senger diplomatescher Missioun zu Lëtzebuerg ënnert anerem 5 Joer laang Generaldirekter vun der Administratioun vum portugiseschen Ausseministère. Hien huet Portugal awer och zäitweis a Palestina representéiert oder war portugisesche Konsul an Angola. Donieft stinn um CV vum Diplomat awer och Institutioune wéi d'Nato an d'Unesco als Patron.

© RTL

Logement, Naivitéit a falsch Hoffnungen

An och wann et ville Portugisen hei am Land gutt geet, an och vill Famille scho Wuerzelen hei hunn a mëttlerweil an hirer zweeter an drëtter Generatioun sinn, dierft een net vergiessen, datt et och Problemer ginn. De Logement wier ganz kloer ee vun deenen. Natierlech trëfft de Problem all d'Nationalitéiten. Mee et géif vill Portugise gi mat méi klenge Salairen, an déi géifen et hei am Land einfach net méi packen, a mussen iwwer d'Grenz wunne goen.

E weidere Problem wier, datt vill nei Awanderer, déi an d'Land kommen, net richteg informéiert wieren, oder net déi néideg Precautioune géifen huelen. An dat géif hir Situatioun immens vulnerabel maachen.

"Ech muss et leider soen, mee net jiddereen, deen engem eng Aarbecht versprécht, ass éierlech a seriö. Zanter deem ech am Amt sinn, hunn ech schonn diverse Fäll gehat an deene mir als Ambassade agräife missten. Leit, déi an d'Land komm sinn, fir hiert Liewen ze verbesseren an dezent ze liewen an einfach getäuscht an exploitéiert goufen. An dat dacks och vun anere Portugisen. Leider."

Als Rotschléi géif de Pedro Sousa e Abreu de Portugisen a Lusophone gäre mat op de Wee ginn, datt si sech onbedéngt am Virfeld informéieren - iwwer d'Aarbechtskonditiounen, iwwer d'Wunnen zu Lëtzebuerg, bei de Gemengen, bei den Autoritéiten, bei den zoustännege Plazen hei am Land oder och a Portugal selwer.  

© RTL

Walverhale vun de Portugisen

Bei de leschte Presidentschaftswalen a Portugal, am Mäerz dëst Joer, hunn d'Portugisen, déi ageschriwwe waren a wiele konnten, am Konsulat zu Märel d'Urne "gestiermt". Ënnert Gänseféisercher, well et waren am Ganzen (nëmmen) knapp 5.000 Votten. Allerdéngs war et eng Rekord-Participatioun.

"Ech sinn natierlech frou, datt dës Zuel bei de leschte Walen an d'Luucht gaangen ass, mee ech géif mir awer wënschen, datt et der vill, vill méi wieren. Mir hu schliisslech ronn 90.000 Portugisen am Land, oder méi, wann een d'Rechnung mat den duebelen Nationalitéite mécht, an et wier flott, wann aus Lëtzebuerg méi Stëmme fir d'Walen a Portugal géife goen."

Mee, hie géif et och begréissen, an och ëmmer nees dofir sensibiliséieren, wann d'Occasioun dofir besteet, datt d'Portugise sech och hei am Land méi aktiv fir d'Politik interesséieren an engagéieren. Ënnert anerem géif hie sech wënschen, datt d'Participatioun vun der portugisescher Communautéit bei de Gemengewale klamme géif. "Leider, spigelt sech déi niddereg Wal-Bedeelegung jo och a Portugal erëm. Dat ass immens schued."

Zum Thema Referendum a Walrecht fir Auslänner huet den Ambassadeur sech - wie wonnert et -  ganz diplomatesch ausgedréckt. "D'Lëtzebuerger hunn deemools fräi gewielt, an hir Meenung muss respektéiert ginn. Wat decidéiert gouf, ass decidéiert. An ech denken, datt dat den Ament och net um politeschen Agenda steet, bei kenger vun de Parteien hei am Land. Deemno stellt sech déi Fro net, et ass grad keen Thema."
 
Visitt vum Portugisesche President zu Lëtzebuerg
 

Déi offiziell Visitt vum portugisesche President, António José Seguro, an dem Premier, Luis Montenegro, vum 5. bis den 8. Juni zu Lëtzebuerg, fënnt am Kader vun de Festivitéite vum portugiseschen Nationalfeierdag statt, den 10. Juni. Fir den Ambassadeur dréit de Fait, datt de portugisesche Staatschef mat der lusophoner Communautéit zu Lëtzebuerg dee besonnesch feiere wëll, eng grouss Symbolik mat sech: "Fir d'Portugisen hei am Land ass et eng Éier, an awer och eng Unerkennung fir hire Merite, fir hiert Engagement, fir hir Integratioun hei am Land. Fir all déi Leit, déi Lëtzebuerg schätzen a sech hei doheem fillen, am Häerzen awer och déi Kultur droen, fir si all, ass dës Visitt eng grouss Éier.

**De Sonndesinterview mam Ambassadeur Pedro Sousa e Abreu gouf integral op Portugisesch gefouert. Dat am Kader vun der Visitt vum portugisesche President zu Lëtzebuerg, déi am Virfeld vun de Festivitéiten vum portugiseschen Nationalfeierdag den 10. Juni stattfënnt.


Back to Top
CIM LOGO