Et ass eng Première, fir d'éischte Kéier sinn de portugisesche President an de portugisesche Premier gläichzäiteg op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. D'Delegatioun ronderëm den António José Seguro an de Luís Montenegro ass e Freideg den Owend um Findel gelant a bleift nach bis e Méindeg am Grand-Duché.
E Samschdeg de Moien um 10:15 Auer ass de portugisesche President António José Seguro zesumme mat senger Fra Margarida Freitas virum Palais ukomm. Begréisst goufe si ënnaert anerem vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie, dem Premier Luc Frieden an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Am Zentrum vum Besuch steet de Bäitrag, deen déi portugisesch Communautéit zur Entwécklung vu Lëtzebuerg geleescht huet.
Um Programm steet ënnert anerem d'Aweiung vun enger Expo zu Märel, d'Visitt vun enger Schoul zu Zolwer an ee Concert an der Philharmonie. De portugisesche President huet dann och ënnert anerem Gespréicher mam Grand-Duc Guillaume an dem Premier Luc Frieden.