
Éischten Ermëttlungen no sollen zwee onbekannt Täter e Samschdeg den Owend an engem Zuch versicht hunn, Leit ze iwwerfalen. Wéi den Zuch an der Gare zu Leideleng ukomm wier, hätten d'Täter Pefferspray am Waggon verdeelt. Den Iwwerfall wier allerdéngs gescheitert an d'Täter wieren a Richtung vun engem Bësch geflücht, sou d'Police.
De Pefferspray huet bei de Passagéier am Zuch fir Problemer mat den Otemweeër gesuergt.
D'Police konnt d'Täter an enger éischter Phas net fannen. Géint 01:00 Auer e Sonndeg de Moien huet eng Policepatrull zwou Persounen an engem eidelen Haus am Quartier Belair ugetraff, déi op d'Täterbeschreiwunge vun den Zeie gepasst huet. D'Police huet déi zwou Persounen duerchsicht an huet zwou Pefferspraydouse fonnt.
Op Uerder vum Parquet goufen déi presuméiert Täter festgeholl.
E Samschdeg den Owend géint 21:00 Auer huet d'Police am Stater Garer Quartier eng Persoun erwëscht, déi géint d'Haus vun engem Lokal urinéiert huet. Wärend der Kontroll huet sech eng weider Persoun an d'Situatioun agemëscht. Béid Persoune sinn ëmmer méi aggressiv ginn an hunn d'Beamten ugefaangen ze beleidegen. Wéi d'Beamten decidéiert hunn d'Persounen ze immobiliséieren, si weider Leit vu bausse bäikomm an hu sech trotz Opfuerderung geweigert vun der Plaz vum Asaz fortzegoen.
Well déi immobiliséiert Persounen de Beamte weider onkooperativ gewisen hunn, hu si d'Nuecht am Arrest verbruecht.