Dräi Führerschäiner ofgehollAlkoholiséierte Chauffer hat Schwieregkeeten, aus engem Parkhaus erauszekommen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg waren nees e puer Automobilisten ënnerwee, déi ze vill gedronk haten.
© Laurent Weber

E Sonndeg de Moie krut d'Police kuerz virun 04:00 Auer e Gefier am Parkhaus Knuedler an der Stad gemellt, dat Schwieregkeeten hat, aus dem Parking eraus ze kommen. Dobäi huet de Chauffer mat sengem Gefier e Bëtongspotto an e Schëld beschiedegt. D'Beamten hunn de Chauffer mat sengem Gefier am Parking ugetraff. Den Alkoholtest war positiv an de Permis fort. E Protokoll gouf et och nach.

Géint 04:24 Auer war dann e Chauffer an der Avenue de la Liberté zu Nidderkuer a Schlaangelinnen ënnerwee. D'Gefier gouf fir eng Kontroll gestoppt. Och hei war ze vill Alkohol bei der Persoun hannert dem Steierrad am Spill. Och hei war den Alkoholtest positiv an e Fuerverbuet gouf ausgestallt.

An da war d'Police nach géint 04:45 Auer an der Rue de Belval zu Esch op e Gefier opmierksam ginn, war mat lafendem Motor op engem Trottoire stoung. De Chauffer war nieft dem Auto op der Bäifuerersäit, wärend de Bäifuerer am Gefier geschlof huet. De Chauffer vum Gefier hat ze déif an d'Glas gekuckt, den Alkoholtest war positiv an de Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO