NationalkongressDP positionéiert sech als Partei vun der Stabilitéit

Tim Morizet
D'DP ass e Sonndeg mat vill Selbstvertrauen an hiren Nationalkongress gaangen. An de rezente Sondagë steet d’Regierungspartei stabil do an et gëtt aktuell wéineg wat op eng intern Kris oder grouss Zweiwelen hindeit.

Zu Bartreng am Centre Atert hu sech de e Sonndeg de Moien um 10:00 Auer d'DP-Membere begéint. A senger Ried als Parteigeneralsekretär huet den Eric Thill fir d’éischt un déi verstuerwen DP-Politikerin Colette Flesch erënnert a si als "Grande Dame" vun der Partei beschriwwen, déi mat hirer Haltung, Iwwerzeegungen an engem staarken Engagement hir Spueren an der Lëtzebuerger Politik hannerlooss hätt.

Ma d’Zäiten, zanter der Colette Flesch hirer aktiver politescher Karriär, hätte sech verännert, esou den Eric Thill a senger Ried. Hien huet nach emol betount, datt Lëtzebuerg besonnesch haut, an den aktuell schwieregen Zäiten, "eng Partei brauch, déi d’Leit zesumme bréngt, net spléckt." D’Kommunikatioun misst ëmmer a béid Richtunge goen.

Internationalen Drock op d’EU hannerléisst och seng Spueren zu Lëtzebuerg

Et gëllt Demokratie am eegene Land, mee och iwwer déi eege Grenzen eraus ze stäerken. Den DP-Europadeputéierte Charel Goerens huet virun allem virun de Gefore vum Rietsextremismus a russescher Propaganda gewarnt. Hien huet betount, datt déi wichtegst politesch Trennlinn haut net méi tëscht de klassesche Parteie géif verlafen, mee tëscht deenen, déi un den europäeschen Integratiounsprojet gleewen – an deenen, déi dësen zerstéiere wëllen.

De Charel Goerens huet sech besuergt gewisen, datt am Europaparlament ëmmer méi mat rietsextreme Parteien zesummegeschafft géif ginn. Dat géif den Equiliber an Europa a Gefor bréngen. Besonnesch schaarf huet hien och russesch Aflëss an Europa kritiséiert. Et géif Politiker a Beweegunge ginn, déi "op d’russesch Propaganda erafalen" an domadder Europa géife schwächen. Eng kloer Kritik vum Europadeputéierte géint den ADR-Politiker Fernand Kartheiser, dee rezent ëmmer nees mat politesch motivéierte Reesen a Russland op EU-Niveau op sech opmierksam gemaach huet.  

Tëscht Weltkrisen a Kafkraaft

Den Nationalkongress e Sonndeg stoung ganz am Symbol vum "Zesummen", der "Demokratie" an dem "Engagement". D’Parteipresidentin Carole Hartmann huet betount, datt d’Suerge vun de Leit missten eescht geholl ginn -  virun allem beim Logement, der Kafkraaft an der Onsécherheet an enger Welt am Ëmbroch. Zentral an hirer Ried war och d’Verdeedegung vun de liberale Wäerter vun der DP. Fräiheet géif ëmmer mat Responsabilitéit zesummegoen. D’DP géif fir Demokratie, Rechtsstaatlechkeet, Pressefräiheet, Toleranz a Selbstbestëmmung stoen. Vill Plaz huet d’Carole Hartmann och de konkrete Regierungsprojete ginn: méi Investissementer an d’Verdeedegung, d'Cybersécherheet, déi modern Educatioun, eng responsabel Notzung vu kënschtlecher Intelligenz, d'Gläichstellungspolitik, d'erneierbar Energien a méi Kafkraaft duerch d’Steierreform.

Bei der Ofschlossried vum Vizepremier an Ausseminister huet de Xavier Bettel betount, wéi wichteg d’Hausse vum Mindestloun, déi an der Tripartite decidéiert gouf, fir d’Land wier. Fir Kompetitiv ze bléiwen an neit Personal fir d’Betriber op Lëtzebuerg ze lackelen. Iwwerdeems huet de Vizepremier d’Memberen, déi net sollten d’Accord mat der Initiativ sinn, invitéiert, ze probéieren "emol 1 Mount mat engem Mindestloun iwwer d’Ronnen ze kommen."

E groussen Deel vu senger Ried war dann och der Sécherheets- a Verdeedegungspolitik gewidmet. Lëtzebuerg misst an den nächste Jore vill méi an d’Sécherheet investéieren. Dobäi soll awer och gekuckt ginn, datt dës Ausgaben en ekonomesche Retour fir Lëtzebuerg bréngen, iwwer Aarbechtsplazen a Steieren.

Neie Logo mat "demokratescher" Schrëft

D'Demokratesch Partei, déi zënter 13 Joer ouni Ënnerbriechung an der Regierung vertrueden ass, huet e Sonndeg de Moien och hir nei visuell Identitéit presentéiert. Dobäi gouf e moderniséierten DP-Logo virgestallt, bei deem de bekannte grénge Punkt erhale bleift. Dobäi kënnt och eng nei Schrëftaart mam Numm "Demokratesch". Den neie Logo verännert sech dann och minimal: d’Buschtawe si liicht ofgerënnt.

Schreiwes DP Nationalkongress 2026

DP wielt neie Comité directeur

E Sonndeg de Moie gouf dann och den neien DP-Comité directeur gewielt. Insgesamt 765 Parteimemberen hunn ofgestëmmt. En neien interne Rekord bei der DP.

Fir de Bezierk Oste goufe gewielt

  • Ben Ries (504 Stëmmen)
  • Martine Birkel (387 Stëmmen)
  • Hugo Da Costa (332 Stëmmen)
  • Bibi Wintersdorf (289 Stëmmen)

Fir de Bezierk Norden goufe gewielt

  • Angèle Mersch (499 Stëmmen)
  • Michel Goethals (418 Stëmmen)
  • Paula Fontoura (399 Stëmmen)
  • Francy Weyrich (246 Stëmmen)

Fir de Bezierk Zentrum goufe gewielt

  • Robert Philippart (371 Stëmmen)
  • Nicolas Kandel (251 Stëmmen)
  • Patrick Michels (248 Stëmmen)
  • Christos Floros (245 Stëmmen)

Fir de Bezierk Süde goufe gewielt

  • Michael Agostini (362 Stëmmen)
  • Géraldine Welkenbach (309 Stëmmen)
  • Marc Schuman (304 Stëmmen)
  • Pit Bichel (298 Stëmmen)
Back to Top
CIM LOGO