
Déi mussen elo emol analyséiert ginn. Elo gesäit een awer schonn, datt d'Beem sech nach ëmmer net richteg vun deene leschten dräi Summeren erkritt hunn. D'Hëtzt hat hinnen déck gedoen, zejoert sinn dofir vill Beem futtigaangen.
Zemools d'Buchen hu gelidden. D'Hëtzt huet si immens geschwächt. Dobäi kommen dann dacks nach Schädlingen oder Pilzer. Déi lescht Jore si vill Beem futtigaangen. Bei der Naturverwaltung gi reegelméisseg Suivie gemaach, fir d'Bëscher am A ze behalen. Bei der Bestandsopnam géinge virun allem d'Bamkroune gekuckt ginn, erkläert d'Martine Neuberg. Si kucke mat der Spektiv, wéi de Laf- oder Nole-Bestand vun de Beem ass a wéi vill Prozent se verluer hunn. Si géingen och analyséieren, ob se vergilbt sinn oder wéi vill Fruchtunhang se hunn.
Dëse Summer war u sech optimal fir d'Bëscher, mee elo misste sech d'Wuerzel-Systemer mol nees recuperéieren. Fir de Borkekäfer war et ze naass, mee e géing trotzdeem nach ëmmer vill Schued maachen. Wa just e puer Beem befall sinn, da kéint een déi ewechmaachen a raushuelen, fir eben de Käffer mat der Brut aus dem Bestand erauszekréien. Soss kéint een net vill maachen, héchstens dat nächst planzen.
Do wier et awer wichteg, virdru beim lokale Fierschter oder bei der Naturverwaltung nozefroen, wat fir eng Zort am beschten ass. Wann ee just e puer Beem ewechgemaach hätt, bräicht een näischt ze planzen, do géing d'Natur sech do selwer hëllefen. Wann een awer planzt, sollt ee kucken, datt d'Bamaarten un de Buedem ugepasst sinn, fir datt de Bësch optimal Konditiounen huet, fir an Zukunft kënnen ze iwwerliewen.
Genee dat wier awer net evident. D'Bëscher wieren ze ville Wiederextremer ausgesat. De Klimawandel géif et schwéier maachen, déi richteg Bamaarten auszewielen, esou nach d'Martine Neuberg.