Okaju-Rapport 2021"D'Auere goufe wärend der Pandemie zréckgedréint", sou den Ombudsmann

Carine Lemmer
De Rapport huet sech virun allem mat den Auswierkunge vun der Pandemie op d'Kannerrechter an de Beräicher Gesondheet, Educatioun a Fräizäit beschäftegt.
© RTL

Wat d'Kannerrechter ugeet, goufen dem Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher no d'Auere wärend der Pandemie zréckgedréint. En Dënschdeg ass de Joresrapport 2021 virgestallt ginn, an deem de Covid dominéiert. De Charel Schmit fënnt, datt Corona en enormen Impakt op déi Jonk hätt an et vill onsiichtbar Wonne géife ginn. Déi Erwuesse wären elo gefuerdert Solidaritéit zréck ze ginn.

Hei zu Lëtzebuerg sinn d’Schoulen am Verglach mam Ausland laang opbliwwen. 10 Woche waren se 2020 zou, dëst Joer zwou Wochen. An awer hunn déi sanitär Mesuren d’Ongläichheete verstäerkt. Bis Mëtt September hate sech iwwer 14.000 Kanner a Jonker mam Coronavirus ugestach, haaptsächlech an der Famill. Ronn 100 Kanner hu missen hospitaliséiert ginn.

Déi Jonk vun 12 Joer u kënne sech jo och impfe loossen. D’Kanner sollen dat matdecidéieren, ënnersträicht den Ombudsmann. Dofir musse se och uerdentlech an altersgerecht informéiert sinn. Op déi Jonk soll keen Drock gemaach ginn wéinst der Vaccinatioun, weder an déi eng, nach an déi aner Richtung. Déi Erwuesse wären opgeruff Verantwortung z’iwwerhuelen.

Déi mental Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen huet sech wärend de Corona-Méint däitlech verschlechtert. Si brauche méi professionell Hëllef, déi deels feelt. Déi Jonk hu méi Zäit am Internet verbruecht, manner Sport gemaach - och dat muss een am A halen, sou den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher.

Klickt hei, fir de komplette Communiqué iwwert de Rapport 2021 vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher.

Communiqué vun der Chambre des Députés

Le rapport 2021 de l’Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher revient sur la crise sanitaire due à la Covid-19 et les répercussions de la pandémie sur les droits de l’enfant, particulièrement dans les domaines les concernant comme la santé, l’éducation ou les loisirs. Ce mardi 16 novembre 2021, l’Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit a remis le nouveau rapport au Président de la Chambre des Députés Fernand Etgen. « Augmenter le bien-être des enfants en renforçant leurs droits » est le message principal du texte.Dans le contexte de la crise sanitaire, 71 demandes de renseignement ont été introduites auprès de l’OKaJu entre février 2020 et octobre 2021. La majorité des demandes sont venues de parents ou d’acteurs du secteur social ou du système scolaire.

En tout, environ 1.100 appels téléphoniques ont été enregistrés entre le 1er novembre 2020 et le 31 octobre 2021.102 nouveaux dossiers ont été ouverts en un an. L’Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit a souligné vouloir s’engager pour que plus d’enfants et de jeunes s’adressent directement à ses services.

Charel Schmit a précisé qu’un rapport spécial sur l’Unisec à Dreiborn est sur le point d’être finalisé. Dans ce rapport, l’OKaJu proposera entre autres des alternatives aux placements pénitentiaires.

Le 1ier avril 2020, l’OKaJu a été rattaché à la Chambre des Députés par la loi. En début de l’année, Charles Schmit a succédé à René Schlechter sur le poste de l’Ombudsman.

Back to Top
CIM LOGO