
E puer Deeg war se am Gespréich, elo ass se schonn nees Deel vum Passé. Rieds geet vun der Ersatzpai fir d'Independanten. De Minister fir d'Aarbecht, den LSAP-Politiker Dan Kersch, ass zefridden, datt d'UEL, d'Unioun vun den Entreprisen, déi vun der Regierung erhéichten Hëllef vun der „Aide coûts non couverts" als Ëmsetzung vun der Fuerderung vun enger Ersatzpaie fir d'Independanten ugesäit.
D'Iddi vun der Ersatzpai war den 11. Februar vum responsabele Minister ugekënnegt ginn. Kuerz drop awer gouf zesumme mam Mëttelstandsminister Lex Delles decidéiert, awer net an dës Richtung ze rudderen.
Hannergrond war, ënner anerem, eng Diskussioun tëscht Kersch an dem President vun der UEL, dem Michel Reckinger, wou d'Sue fir dës Paie sollten hierkommen. Minister an OGBL hate sech d'lescht Woch fir d'Ausbezuelen iwwert d'Mutualitéit vun den Employeuren ausgeschwat. D'UEL war fir eng Ausbezuelung iwwert de „Fond pour l'emploi", erkläert den Aarbechtsminister Dan Kersch.
„Hei huet ganz kloer de President vun der UEL, de Michel Reckinger, dem President vun der Federation des Artisants den Tëppelchen op den „i" gesat a gesot, datt et fir d'UEL net a Fro kënnt, datt eng Solidargemeinschaft vun alle Betriber, also inklusiv Banken, Assurancen, Industrie an d'Immobiliefirme sech un enger Finanzéierung vun engem Ersatzgehalt géife bedeelegen."
Den OGBL hat dës Positioun vun der Union des entreprises schonn d'lescht Woch verurteelt. De Fonds pour l'emploi wier duerch d'Solidaritéitssteier finanzéiert an dofir do, fir d'Mesurë fir de Maintien vun der Aarbecht ze ënnerstëtzen.
Op d'Ausso vum UEL President Michel Reckinger am RTL Interview, datt de Mëttelstandsminister Lex Delles dat erméiglech hätt, wougéint de Kersch sech gewiert hätt, wiert sech den LSAP-Politiker.
„E Méindeg hu mer héieren, datt d'Missioun accompli wier. Datt de Minister Delles dat gemaach hätt, wat den Här Kersch ni hätte wéilte maachen, dat ass scho komplett verdréint. Den Här Delles mécht als Minister näischt eleng, genau ewéi den Minister Kersch näischt eleng mécht. Mä et ass ëmmer déi ganz Regierung, déi eppes op de Wee bréngt."
Duerch d'Unerkennung vun der UEL wier d'Fuerderung vun der Handwierkerfederatioun fir eng individuell Ersatzpai fir d'Independanten och elo vum Dësch.
„An der Aide ass och effektiv den Traitement vun den Independante berécksiichtegt an domat ass den Dossier elo zou. Et kann ee jo net wärend Wochen a Wochen e Minister Ier dreiwe. Ech weess, datt den Här Reckinger net frou mat mir ass, en ass och net frou mat de Sozialisten, en ass net frou mat de Staatsbeamten, en ass net frou mat de Mindestlounbezéier. Dat ass och säi gutt Recht, mä ech hunn den Androck, hien ass just frou mat sech sëlwer. Mä iergendwou muss ee wëssen, datt wann een an enger verantwortungsvoller Positioun ass, da kann een net vun Dag zu Dag seng Meenung änneren."
D'Federatioun vun den Artisanten reagéiert pickeg. Wat mat Sécherheet net ofgeschloss wier, wieren d'Ofschafe vun de strukturelle Benodeelegungen zu laaschte vun den Independanten. Besonnesch am Beräich vun den Sozialversécherungen. Demande no enger Ersatzgehalt géif bestoe bleiwen.
Am Handwierk wieren d'Independanten op d'mannst just fir de Mount Januar an déi nächst puer Méint ofgeséchert, mä net laangfristeg, schreift d'FDA an engem Communiqué.
