
Den neie Schäfferot zu Conter ka lo ufänke mat schaffen. En Donneschdeg gouf den Dali Zhu am Inneministère als neie Buergermeeschter an domadder Successeur vun der Marion Zovilé-Braquet vereedegt ginn. D’CSV-Buergermeeschtesch war no méintelaangen Tensiounen an der Gemeng Conter wéinst Mobbingreprochen am Oktober vun hirem Posten zeréckgetrueden. Dorophin hunn DP, LSAP an déi gréng sech zu enger neier Majoritéit, ouni d’CSV, zesummegeschloss. Mat vereedegt goufen och den LSAP-Politiker Pol Thomé an de Gréngen Ari Arrendorff als éischten respektiv zweete Schäffen.
Déi nei Majoritéit zu Conter huet eng Majoritéit vu 6 Sëtz am Conseil. Géint 5 vun der CSV. Déi dräi Parteien hu sech an hirem Koalitiounsaccord dozou engagéiert fir nees “Vertrauen, Serenitéit a Kohäsioun” an d’Gemengen-Institutiounen ze schafen a kollegial zesummen ze schaffen. Wéi gesot, waren d’Relatiounen tëscht de Vertrieder am Gemengerot a mat de Gemengenaarbechter an der Vergaangenheet nawell ferm ugespaant.
De 37 Joer alen Dali Zhu ass vu Beruff Restaurateur a Papp vun zwee Kanner.