
Den 30. November louch d’Zuel vun de Residenten, déi zu Lëtzebuerg no Aarbecht sichen a bei der Adem ageschriwwe sinn, bei 19.907. Dat ass eng Hausse vu 6,9 Prozent am Verglach mam November 2024, also 1.282 Persoune méi. Iwwert déi lescht 12 Méint war d’Hausse an allen Altersberäicher ze verzeechnen, ma am ausgepräägtste war se bei Leit mat engem héije Bildungsgrad, wou, iwwert ee Joer gesinn, 10,2 Prozent méi Leit no Aarbecht gesicht hunn. Och si verschidde Beruffssecteure besonnesch betraff, wéi zu Beispill Sekretariats- an Assistenzplazen, Comptabilitéit oder Informatik.
De Chômagetaux, op saisonal Variatioune berengegt, ass vum Statec op 6,2 Prozent berechent ginn.
