
D'Agence, déi fir de Kooperatiounsministère um Terrain aktiv ass, huet e Méindeg de Moien hire Rapport vun zejoert an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert, ass awer och op d'Challengë vun der Zukunft agaangen.
2018 war fir Lux-Developpment haaptsächlech gezeechent duerch hiren 40. Anniversaire. Aus dem Rapport geet dofir och ervir, wéi sech d'Kooperatiouns-Agence iwwert all déi Joren entwéckelt huet. Dem Marc Angel, President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun no, wier et interessant ze gesinn, wéi ee vun enger Approche "Projet" op eng Approche "Programm" gaangen ass:
"Virun 20-30 Joer hu se Schoule gebaut, awer elo ass et éischter sou, datt se d'Länner begleeden an der nationaler Politik. Dass d'Mataarbechter vu LuxDeveloppment mat an de Ministère sëtzen an deene respektive Länner."
Mä och am Beräich vun der Kooperatioun géifen et nei Erausfuerderunge ginn an d'Agence wier bereet nei Weeër ze goen. D'Erausfuerderunge fir d'Zukunft wäerten do sécherlech d'Klimafroe sinn. Den CSV Deputéierte Paul Galles:
"Wat wäert do passéieren? A wéi enge Länner ass de Problem immens akut a wou ka Lëtzebuerg do hëllefen an a wat fir engem Sënn fält déi ganz Problematik op Lëtzebuerg selwer zréck? An wat heescht do Kooperatioun? Wéi kënne mer zesumme schaffen, fir Konditiounen ze schafen, fir datt de Klima geschützt gëtt?"
De Klimawandel géif sécherlech an de nächste Jore weider en Challenge fir d'Kooperatioun ginn, betount den Direkter vu LuxDeveloppment Gaston Schwartz. Virun allem a Westafrika géing d'Situatioun ëmmer méi schwiereg ginn. Do géif een aktuell scho versichen, mat Initiativen ze hëllefen:
"Mir hunn am Burkina zum Beispill e Projet fir "Gestion des ressources naturels", fir do och Bëscher opzeforsten, mä och "Récuperation des terres dégradées" fir d'Biedem déi bis elo komplett dréche sinn, fir do erëm unzeplanzen. Mir hunn am Niger e ganz grousse Programm fir Waasserversuergung, wëll Waasser och e ganz grousse Problem op deene Plazen ass."
D'Agence schafft ganz enk mam Kooperatiounsministère zesummen an ass aktuell am gaangen un enger neier Strategie 2030 ze schaffen.