
D'ADEM kritt en drëtten Directeur adjoint. Den entspriechende Gesetzprojet gouf e Mëttwoch an der Chamber unanime mat 59 Jo-Stëmmen ugeholl.
Den Aarbechtsberäich an d'Personal vun der Agence pour le developpement de l'emploi si gewuess. An Tëschenzäit schaffen iwwer 500 Agente fir d'ADEM.
Den Organigramm misst iwwerschafft ginn, fir dëse Kapazitéite gerecht ze ginn, dat war de Konsens an der Chamber.