
Aktuell ass d'Kooperatiounsministesch Paulette Lenert op Visitt am Laos, engem vun de 7 Partnerlänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun.
Hëllefen de Laos weider ze entwéckelen: dat ass och de But vun der Caritas Lëtzebuerg. D’ONG ass zanter e puer Joer am Süd-Ost Asiateschen Land vertrueden, mat dobäi ass och eng jonk Lëtzebuergerin. D'Louise Kelly ass Missiounschef sur Place. Den Ament schaffe 36 Leit u 4 verschiddene Projeten. De Fokus läit virun allem op der Entwécklung vun de Partnerdierfer.
D’Aarmutsbekämpfung steet ganz uewen op der Lëscht bei der Caritas am Laos. Ma fir déi lokal Entwécklung unzekuerbelen, bräicht ee virun allem Formatiounen, och bei den Erwuessenen. Hei bitt d’ONG spezifesch Couren un, esou d’Louise Kelly.
"Mir probéiere vill mat Fraen ze schaffen, datt se eng Formatioun kréie fir ze bitzen. Fir Männer proposéiere mer Coure fir Mechanik an Veterinär ze leieren."Et ass eng Ausbildung, déi hëlleft op eegene Been ze stoen an onofhängeg eng Famill ze ernären. Ma d’Initiative vun der ONG fannen net ëmmer direkt en oppent Ouer.
"Leit vum Laos liewe vun engem Dag op deen aneren. Entwécklung kënnt mat Zäit, net vun engem Dag op deen aneren. A fir verschidde Communautéiten, déi an Aarmut wunnen ze motivéieren eppes ze maachen, wou se nëmme längerfristeg Resultater gesinn, ass natierlech schwéier."Proppert Waasser spillt och eng grouss Roll an der Ernärung. Vun den 1,4 Milliounen Euro u staatleche Subventiounen, déi d’lescht Joer u Lëtzebuerger ONGen goungen, dorënner och d’Caritas, geet e groussen Deel un d’Baue vu Waassersystemer. Dës brénge proppert Drénkwaasser a sinn och noutwenneg an der aktueller Klimakris.
"D'Aflëss vum Klimawandel sinn och extreemst staark hei. Dat heescht d'Reenzäite fänken net méi mat Zäiten un, ewéi d'Leit dat gewinnt sinn. A wa se Accès op Waassersystemer hunn, fir hier Felder ze netzen, da kënne mer och d'Malnutritioun besser bekämpfen, an dofir suergen, datt se ëmmer eppes z'iessen hunn."
Duerch déi deels ongewinnten Dréchent ass d’Räis-Recolte dëst Joer plazeweis ëm 60 Prozent gefall. An enger Zäit wou vill ethnesch Minoritéiten vum Räisubau liewen, suergt dat just fir weider Konflikter mat Lao-Communautéiten.