
"Cyberservices ass Affer vum Wirecard-Skandal", dat seet den Affekot vun den Aktionäre vun der Entreprise Cyberservices, de Me Philippe Onimus, am RTL-Interview. En Donneschdeg haten eng Partie Geschäftsleit aus dem Ausland eng Pressekonferenz zu Lëtzebuerg organiséiert, mam Uleies hinne géife Milliounen Euro vu Cyberservices feelen. D'Sue wären zu Lëtzebuerg blockéiert. Eng komplizéiert Affär, mat e puer neien Amenter.
Virop d'Nouvelle: nodeems sech d'Firma Cyberservices géint eng Faillite gewiert hat, gëtt se d'Insolvenz elo zou. Den Affekot vun den Aktionäre confirméiert RTL dat.
Elo de Kontext: Cyberservices ass hei zu Lëtzebuerg registréiert. D'Firma huet, wéi PayPal zum Beispill, zwee Servicer fir online-Bezuelungen ugebueden: KlikandPay a Paymill. Iwwer dës Plattform kritt en Händler d'Suen, déi e Client online bezilt.
Virun zwee Joer huet Cyberservices d'Suen net méi weiderginn. Schold wär net d'Firma selwer gewiescht, mä falsch Informatiounen, déi en anere Finanzdéngschtleeschter, déi däitsch Skandal-Firma Wirecard, der Lëtzebuerger Filial vun Ernst and Young ginn hätt. Dat erkläert op d'mannst den Affekot vun den Aktionäre vu Cyberservices de Me Philippe Onimus.
"Cyberservices huet nach vill Milliounen Euro vu Wirecard zegutt. Wirecard huet E&Y du gesot, dass d'Schold net déi ass, déi Cyberservices uginn huet, mä dass se 4 Millioune manner héich wär."
Mä Cyberservices hätt Recht gehat. 4 Milliounen Euro feelen, seet den Affekot. D'Konnte wären net méi an der Rei gewiescht.
"Duerno huet d'CSSF gesot, dass Cyberservices net méi an der Positioun ass, an huet d'Lizenz temporär gestoppt."
D'Bankenopsiicht CSSF accordéiert keen Interview, deen opgeholl ass. Si gëtt Explikatiounen a si erkläert d'Faiten anescht. Bei Cyberservices hätt een eng Vermëschung constatéiert tëscht de Konte mat de Sue vun de Clienten, an dësem Fall de Geschäftsleit, an de Sue vun der Entreprise. Et hätt ee Cyberservices méi dacks opgefuerdert, Uerdnung an d'Comptabilitéit ze bréngen. Dat wär net geschitt. Zejoert hëlt de Finanzminister Cyberservices d'Lizenz fir Lëtzebuerg of. Op Rot vun der CSSF. Et gëtt kuerz kommunizéiert. All d'Aktivitéite vu Cyberservices sinn zanter hier gestoppt.
Wat sinn dann d'Ziler vun der CSSF, fir esou Mesuren ze huelen?
D'Bankenopsiicht argumentéiert, si misst d'Allgemengheet protegéieren: si misst verhënneren, dass nei Suen a Firmen erakommen, déi net konform sinn. D'Suen, déi nach missten u Clienten ausbezuelt ginn, misste gerecht verdeelt ginn. Et kéint net sinn, dass déi éischt Clienten 100 Prozent vun hire Sue kriten an anerer näischt.
Zanter eng Faillite vu Cyberservices am Raum steet, wär d'Aarbecht vun der CSSF iwwerdeems gemaach. Elo këmmert sech e Lëtzebuerger Affekot ëm d'Gestioun vun der Insolvenz.
D'CSSF hätt och keen Accès op d'Konten, déi agefruer sinn. Déi concernéiert Geschäftsleit stelle sech awer eng Fro: Wou bleiwen hir Suen?
De Me Onimus: "D'Äntwert ass einfach: eng Partie hei zu Lëtzebuerg op der Spuerkeess. Eng Partie an den Hänn vu Wirecard. An de Gros vun de Sue vu Wirecard ass a Südostasien verschwonnen."
Cyberservices wär en Affer vum Wirecard-Skandal.
Den Affekot léisst RTL och déi geschate Bilanen zoukommen. Cyberservices géif senge Clienten eppes iwwer 7 Milliounen Euro schëllegen. D'Firma hätt selwer ebe 4 Millioune vu Wirecard zegutt, iwwerdeems 1 Millioun vun aneren Operateure vun elektroneschen Transaktiounen. Et hätt een nach Reserven. A bei der Spuerkeess géingen 2 Millioune separat leien, fir d'Clienten ze rembourséieren.
"Et wär en Total vun 9 Milliounen Euro, deemno bei wäitem genuch, fir d'Händler zeréckzebezuelen."
Elo muss awer nach evaluéiert ginn, wéi vill Suen all eenzelen Händler, dee mat Cyberservices geschafft huet, ze gutt huet. E risegen Opwand. A wéinst der Prozedur vun der Faillite, seet de Me Philippe Onimus, dass et Joren dauere géif, bis Sue fléisse géingen.