Pandemie-GesetzCSV géint eng Hannerdier fir d'Verlängere vum Etat de crise

RTL Lëtzebuerg
Mat dem aktuelle Projet nämlech géif sech d'Regierung de Pouvoir ginn, fir per groussherzoglech Reglementer d'Fräiheeten anzeschränken, esou d'CSV.

Wann Mëtt Juni den état de crise am Land ausleeft, da wëll d’Regierung e Mesurekatalog stoen hunn, deen déi aussergewéinlech Situatioun, an däer mer och dann nach ëmmer wäerten dra sinn, reegelt. Vun engem Pandemiesgesetz war rieds, wat mëttlerweil e renge Covid-19-Text soll ginn. Et géif äifreg dru geschafft ginn, huet de Premier Xavier Bettel en Donneschdeg scho verséchert, an esou hate sech d‘Deputéiert aus dem Chamberbüro, an der Presidente-Konferenz fir e Freideg de Mëtteg Detailer erwaart. Déi gouf et an deem Punkt awer net.

Oppositioun géint Pandemiesgestz / Reportage Joël Detaille

Et geet ëm eis Grondrechter oder mer maachen eis Suergen ëm eis gewerkschaftlech Fräiheeten. Sou soten et en Donneschdeg de CGFP respektiv LCGB-President Romain Wolff oder Patrick Dury.

Gemengt hate se dat ominéist Covid-19-Gesetz, iwwert dat d’Gewerkschafte bei hirer Entrevue mat der Regierung näischt gewuer goufen. E Freideg hate sech de Büro vun der Chamber an d’Presidentekonferenz awer méi Detailer erwaart.

Ma d’Paulette Lenert konnt op Regierungssäit awer net derbäi sinn, a sou gouf dee Punkt kuerzfristeg vum ordre du jour geholl...

D’CSV an hir Fraktiounscheffin Martine Hansen hunn awer Froen derzou gestallt, an och ganz kloer gemaach, dass

Mer hunn dat ganzt nach emol am Detail duerchgelies, an heimadder géife mer trotzdeem den état de crise duerch d’Hannerdier verlängeren an der Regierung nees emol extra Pouvoire ginn, fir Fräiheete via groussherzoglech Reglementer anzeschränken.

Net mat eis, seet d’Oppositiounspartei. D’Chamber wier funktiounsfäeg a kéint zu all Ament Gesetzer stëmmen.

Natierlech missten och spezifesch Mesuren, déi Covid-19-liéiert sinn, och nom Auslafe vum état de crise weidergefouert ginn,oder neier bäikommen.

Mä dann hätte mer gären, dass fir déi eenzel spezifesch Mesuren, eenzel spezifesch Gesetzer gemaach ginn, ganz limitéiert an der Zäit, mat ganz kloer definéierte Bedingungen, an dass iwwert déi Gesetzer an der Chamber debattéiert gëtt. Esou wichteg Saachen däerfen net laanscht d’Chamber decidéiert ginn.

Extrait Martine Hansen

Mä wat ass dann eigentlech elo virgesinn. Doriwwer weess, bis op Regierung, an d’Deputéiert jo nach quasi keen eppes.

Leider däerf ech iech jo nach näischt iwwert den Inhalt soen, mä an eisen Aen ass dat hei en allgemengt Pandémie-Gesetz. Mer hunn e bëssen d’Gefill, wéi wa just den Titel geännert gi wier. Dofir ass awer den Inhalt nach ëmmer net gutt. Mir hätte gären, wierklech op déi aktuell Situatioun, dass d’Regierung soll fir den Exit preparéieren, dass wann nach Mesuren noutwendeg wieren, solle Gesetzer geholl ginn. An eisen Aen ass dat hei awer e ganz generellt Gesetz, woumadder mer der Regierung géifen e Blank-Scheck ginn.

Am Prinzip also dat selwecht, wéi dat, wat elo am état de crise méiglech ass.

En Dënschdeg kéint awer Kloerheet geschaaft ginn. Dann informéiert de Premier nämlech mat enger méi fäerdeg Versioun vum elo Avant-Avant-Projet nees de Chamberbüro an d’Presidentekonferenz a gesäit Nomëttes och nees d’Gewerkschaften.

E Mëttwoch soll dann u sech en Text am Regierungsrot ugeholl ginn. Wéi deen dann ausgesäit a wéi e bei den eenzelen Acteuren ukënnt, do heescht et sech also bis d’nächst Woch gedëllegen.

Back to Top
CIM LOGO