
Nieft dem Debat iwwer "Hate Speech" gouf en Donneschdeg an der Chamber och iwwert déi gefälschte Covid-Impfzertifikater diskutéiert, déi am Ëmlaf sinn. Aner Länner wéi Däitschland, Frankräich an Italien hu schonn entspriechend Mesurë geholl, fir dass dës Fälschungen net méi vun de jeeweilegen Appen als ugeholl ginn. Schonn een Dënschdeg hat d'Gesondheetsministesch am Parlament gesot, dass der Regierung de Problem bekannt wär an dass een entspriechend Dossieren un d'Justiz viruginn hätt. Problematesch wier awer, dass d'Lëtzebuerger CovidCheck-App dës nach ëmmer net géing als Fake unerkennen. D'Piraten hunn dofir en Donneschdeg de Mëtteg eng entspriechend Motioun deposéiert, fir d'Lëtzebuerger CovidCheck-Applikatioun sou séier wéi méiglech unzepassen.
De Pirat Sven Clement: „Wat einfach de Problem ass, ass, wann ech elo hei dem Här Hitler Adolf säin Zertifikat mat menger CovidCheck-App huelen an ech scannen déi elo grad, da kréien ech ee gréngen Hoken. An dat ass dat, wat mer mat dëser Motioun sou séier wéi méiglech wëlle behiewen. Mir hu keen Datum dra geschriwwen. Dir kënnt roueg am Regierungsrot kucken, wéi dir et genau wëllt maachen, mä eis geet et drëms, dass mir als Chamber hei ganz kloer soen, dass et net ka sinn, dass dobausse Leit mat engem Zertifikat am Numm vun engem Krichsverbriecher ronderëm lafen. Dat ass dach awer bëssi iwwerdriwwen."
Dëst ass puer Provokatioun, sou de Premier Minister Xavier Bettel. De Problem géing vill méi weit goen:
„D'Leit musse sech bewosst sinn, dass een hei zu Lëtzebuerg iwwer Internet kann Zertifikae kafen, déi gemaach gi sinn, wou d'Leit de QR-Code engem aneren zur Verfügung stellen. Dass een op der Fouer fir 100 Euro konnt ee QR-Code kafen. D'Leit musse verstoen, dass de QR-Code do ass, fir hir eege Sécherheet. De QR-Code ass do, fir dass mer kënnen hei zu Lëtzebuerg weider liewen. Mä all Mënsch, deen ee falschen Zertifikat benotzt, muss sech bewosst sinn, dass en eng Strofdot mécht."
Et wier awer net sou einfach, d'App ze änneren, huet de Premier erkläert: „Den Ament kréien ech och matgedeelt, dass d'EU och amgaangen wier, eng gemeinsam Léisung z'analyséieren. D'Fro, déi mer eis musse stellen, ass, ob mer elo, wa mer eng Datebank kreéieren, net och d'Legislatioun mussen änneren. Dofir erlaabt just, dass ech dat muer am Regierungsrot mat de Kolleege kucken. T'ass méiglech, dass mer dann och am Covidtext mussen eng Datebank kreéieren, well am Moment sinn d'QR-Coden net an enger Datebank. Dat ass eng nei Datebank, déi mer da misste kreéieren."
E Freideg de Moien dierft also doriwwer am Regierungsrot decidéiert ginn. D'Motioun vun de Pirate gouf dofir och an d'Chamberkomissioun verwisen, well een der Regierung d'Zäit wollt ginn, fir dat nach ze klären. Et wär awer urgent, de Problem elo ze léisen, sot nach zum Schluss de Pirat Sven Clement.
