Fuerverbuet wéinst VerkéiersdelikterCour d'Appel stellt deelweise Sursis an Aussicht

RTL Lëtzebuerg
Fir e jonke Mann, deen am Januar um Stater Geriicht verurteelt gouf, kéint sech de Wee op d'Cour d'Appel gelount hunn.
© RTL Archivbild

De Mann war am September 2018 mëttes an der Stad ënner anerem duerch Rout gefuer an net bei engem Zebrasträife stoe bliwwen.

Fuerverbuet wéinst Verkéiersdelikter / Reportage Eric Ewald

De Vertrieder vum Parquet général huet e Méindeg de Moien en deelweise Sursis an Aussiicht gestallt, wat d'Fuerverbuet vun 30 Méint ugeet, wouvun de Wee op d'Schaff ausgeholl war, zu deem de Mann an 1. Instanz condamnéiert gouf. Dobäi war nach eng Geldstrof vun 1.000 Euro komm. Zum Virworf, d'Absicht gehat ze hunn, fir unzegoen, war de Mann dogéint viru 5 Méint fräigesprach ginn.

De Vertrieder vum Parquet général huet virop betount, dass och de Parquet Appell gemaach hat géint dat 1. Urteel. Dem Beschëllegte géif et virun allem drëms goen, fir d'Fuerverbuet reduzéiert ze kréien. Dobäi wär d'Urteel vun den éischte Riichter korrekt an an de grousse Linnen ze confirméieren. Dat gesprachent Fuerverbuet wär wuel héich ausgefall, mä richteg gewiescht opgrond vum Behuele vum Mann am éischte Prozess. Well deen awer nach jonk wär, géif hie sech engem deelweise Sursis, wat d'Fuerverbuet ugeet, net verschléissen, sou de Vertrieder vum Parquet général.

Den Affekot vum Ugekloten huet erkläert, dass d'Faiten net kontestéiert wären. De Me Filipe Valente ass op dat éischt Urteel agaangen, an deem rieds war vum schlechte Behuele vu sengem Client viru Geriicht. Deen hätt den Affer keng Schold wëlle ginn, mä war intimidéiert gewiescht an hätt ënner Drock gestanen. Et géif keng Excuse gi fir déi strofbar Faiten, duerch déi glécklecherweis kee Mënsch blesséiert gouf. An den Ae vum Affekot hätt säi Mandant nawell vun Nosicht vum Geriicht profitéiere kënnen, a wat d'Fuerverbuet betrëfft, Sursis kréie kënnen, als Délinquant primaire, als solche kéint och seng Geldstrof vläicht reduzéiert ginn. De Beschëllegte selwer huet gemengt, hien hätt sech virun den éischte Riichter vläicht schlecht explizéiert. Hie wär sech bewosst, dass hie sech eventuell falsch verhalen hätt a wéilt sech dofir entschëllegen.

D'Appellsuerteel ass fir den 29. Juni.

Back to Top
CIM LOGO