Parlamentaresch FroCorona-Tester an de Schoulen an zwou Phasen

RTL Lëtzebuerg
Den Educatiounsminister hat Enn leschter Woch matgedeelt, datt souwuel d'Personal aus de Schoulen, wéi och d'Schüler méi getest ginn.
© AFP

Dëst wäert an zwou Phase geschéien: Elo an enger éischter Phas mat Large Scale Testing-Invitatiounen fir d'Enseignanten.

An dëser Phas ginn elo och Schülerinnen a Schüler iwwer eegen Testekippe vum Educatiounsministère op deene Plaze getest, wou festgestallt gëtt, datt de Virus an der Schoul méi present ass.

An enger zweeter Phas kommen dann d'Schnelltester an den Asaz, déi den Educatiounsministère zesumme mam Gesondheetsministère am Gaang ass, ze beschafen an ze testen. Dat soll erlaben, permanent d'Presenz vum Virus an enger Klass oder an enger Schoul ze suivéieren.

Déi Prezisioune gëtt den Educatiounsminister a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO