AppellsprozessConfirmatioun fir 4 Männer gefrot, ee kéint besser ewechkommen

RTL Lëtzebuerg
D'Männer sti wéinst enger Serie vun Abréch tëscht 2014 an 2017 viru Geriicht. Si sollen e Schued vun 170.000 Euro verursaacht hunn.

Am Appellsprozess ëm eng Serie vun Abréch vun tëscht Ufank 2014 bis Enn 2017 gouf e Freideg de Moien op der Cour d'appel an der Stad fir 4 Männer d'Confirmatioun vun där 1. Strof gefuerdert. E 5. Mann, deen Appell gemaach hat, kéint dogéint besser ewechkommen, wéi an 1. Instanz!

Um Stater Geriicht waren am Juli dowéinst am Ganze 7 Männer zu feste Prisongsstrofe vun tëscht engem a 6 Joer verurteelt ginn.Hinne waren am Ganzen 88 Abréch queesch duerch d'Land virgehäit ginn. Vun deenen Abréch waren Hoteller, Restauranten, Caféen, Butteker, Firmaen a Privathaiser viséiert. Ënnert dem Stréch hat d'Police e finanzielle Schued vu bal 170.000 € ausgemaach! D'Appellsuerteel ass fir de 4. Februar.

Back to Top
CIM LOGO