
De 24. Juni ass zwar den Etat d'urgence offiziell eriwwer, ma de Virus wäert eis wuel nach eng Zäit begleeden. Dofir mussen eng Rei Gesetzer, déi Mesuren, déi och nom Etat d'urgence néideg sinn, dësen eng legal Basis ginn. A genau do stelle sech fir déi national Dateschutzkommissioun CNPD an de Parquet nach eng Rei essentiell Froen.
Notamment, wat den Dateschutz an déi sougenannt Hospitalisations forcés ugeet.
Fir den Iwwerbléck ze behalen, wéi d'Situatioun ëm de Covid-19 zu Lëtzebuerg ausgesäit, sollen d'Donnéeë vu Leit, wou de Verdacht vun enger Infektioun besteet, genee wéi vun infizéierte Persounen un d'Santésdirektioun weidergeleet ginn. Déi aktuell Dateschutzreegele gesi wuel vir, dass esou Donnéeën dierfe gesammelt ginn, wann dat néideg ass, fir d'Gesondheet vun der Populatioun z'assuréieren, ma ouni weider Explikatiounen, ass der CNPD net kloer, ob dat och wierklech néideg ass.
Si sinn och der Meenung, dass Donnéeë vu Leit, bei deenen een net sécher war, ob si infizéiert wieren an den Test um Enn negativ war, net dierfte gehale ginn. Zumindest hätten d'Auteure vum Gesetzesprojet net kloer beluecht, firwat een dës Donnéeën nach brauch.
D'selwecht, wat d'Fro betrëfft, wéi laang dës Donnéeë solle gehale ginn. Am Gesetzesprojet ass festgehalen, dass dës Informatiounen nach 6 Méint nodeems d'Gesetz net méi a Kraaft ass, gehale ginn. An der Belsch gouf iwwerdeems decidéiert, dass Donnéeën d'Office 3 Méint, nodeems se gesammelt goufen, geläscht, respektiv anonymiséiert ginn. En Usaz, deen der CNPD sënnvoll schéngt, vue dass dëst Covid-Gesetz ënner Ëmstänn verlängert gëtt, wann dat sollt néideg sinn. Zumindest sollt de Besoin dës Donnéeën ze halen, reegelméisseg iwwerpréift ginn.
De Parquet stéiert sech iwwerdeems virop um Artikel 7, dee eng Hospitalisation forcée virgesäit. Deemno kann eng infizéiert Persoun forcéiert ginn zum Beispill an e Spidol bruecht ze ginn. Dat duerch eng Ordonnance vum Procureur d'Etat. Ma dee ka seng Decisioun, esou eng Ordonnance auszestellen, nëmmen op Basis vun den Informatiounen huelen, déi hie vun der Santé kritt.
No 48 Stonne soll de President vum zoustännegen Tribunal d'arrondissement dann decidéieren, ob déi betraffe Persoun weider muss am Spidol bleiwen oder net. Ma hei stellt sech fir de Parquet awer d'Fro, wéi deen dat da soll decidéieren, ouni medezinesch Expertise. Dëse kéint zwar da selwer verschidde Leit dozou héieren, ma dat wier an där kuerzer Zäit, déi d'Gesetz virgesäit, kaum méiglech.
Ausserdeem wier net kloer, wéi déi concernéiert Leit sech kënne géint esou eng Decisioun wieren a wéi dat praktesch sollt oflafen. Deemno géif et nach eng ganz Partie Froen, déi misste beäntwert ginn, fir dass sécher gestallt ass, dass jidderengem seng Rechter respektéiert ginn.
