De Gilbert Girsch gouf fir weider 3 Joer als President bestätegt.
De Museksunterrecht soll fir jiddereen zougänglech ginn. Um Sonndeg de Moie war den UGDA-Kongress, wou een de Bilan gezunn huet, ma och an d‘Zukunft gekuckt huet. Aktuell zielt d‘Organisatioun knapp 13.500 Memberen a 6.000 Schüler ginn a Museksschoule vun der UGDA. Um Kongress gouf den aktuelle President Gilbert Girsch mat sengem Conseil fir weider 3 Joer bestätegt. Fir d’Rentrée 2021 soll de Museksunterrecht zu Lëtzebuerg gratis ginn, esou de Claude Meisch. Den Ament gëtt d’Gesetz iwwert de Museksenseignant vun 1998 op de Leescht geholl, eng Partie Ännerunge solle kommen. Et géif präziséiert ginn, wien Coursen hale soll a wéi eng Qualitéit gebraucht gëtt. Wichteg wier fir de Minister och, eng gutt Vernetzung tëscht allen Institutiounen hierzestellen. Tëscht Museksschoul, Maison Relais a Schoul. Och de Statut vun de Leit, déi Musekscoursë ginn, misst iwwerschafft ginn. Fir den Direkter vun den UGDA-Museksschoule wier et wichteg, de Beruff vum Enseignant ze revaloriséieren.