Déidlechen Accident22 Joer al Motocyclistin no Accident am Mëllerdall gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Um Päischtméindeg ass et um CR121 zu engem déidlechen Accident komm.
© Jeannot Ries

Géint 18:30 Auer war hei eng Motocyclistin tëscht dem Mëllerdall an dem Grondhaff gefall. Wéi d'Police um Dënschdegmoie matdeelt, gouf d'Fra beim Accident schwéier blesséiert. Si gouf op der Plaz vun de Secouriste versuergt a gouf duerno hospitaliséiert. Am Laf vun der Nuecht ass si un hire Blessure gestuerwen.

Beim Accident waren nieft de Pompjeeë vu Beefort an Iechternach och d'Ambulanciere vun Iechternach an aus der Fiels grad ewéi den Noutdokter vum Samu op der Plaz.

Donieft huet et um Feierdag op enger Partie Plazen uechter d'Land gebrannt. Zu Bauschelt hat en Offall-Container Feier gefaangen, op der A7 stoung en Auto a Flamen, tëscht dem Wandhaff a Garnech war et en Trakter an zu Äischer haten Offäll gebrannt. Hei blouf et iwwerall beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO