No Austrëtt aus CSVChristopher Lilyblad demissionnéiert am Betzder Gemengerot

Roy Grotz
Nom Europakongress vun der CSV, bei deem hien net fir d'Europalëscht zeréckbehale gouf, ass de Christopher Lilyblad aus der CSV ausgetrueden.
© Facebook / Christopher M. Lilyblad

Elo demissionéiert den onofhängege Conseiller och am Betzder Gemengerot. Dat gouf e Freideg de Moien an der Sëtzung vum Conseil matgedeelt.

Zu Betzder souz de Christopher Lilyblad zanter Abrëll als onofhängege Conseiller, dat nom Austrëtt aus der CSV. Bei den Europawale war den 30 Joer ale Politiker dëst Joer beim pro-europäesche Mouvement "Volt" matgaangen, bei deem hie 4.490 Stëmme krut. Elo also och de Récktrëtt aus dem Betzder Gemengerot - dëst awer aus beruffleche Grënn, well de Christopher Lilyblad vum nächste Mount u fir d'UNO als Programmspezialist um Cap-Vert schafft an dëst Statut vun engem internationalen UN-Fonctionnaire net compatibel ass mat engem politesche Mandat. Dofir ass de fréieren Direkter vum Cercle de Coopération vun de Lëtzebuerger ONGen och net méi bei "Volt" politesch aktiv.

U sech sollt de Christopher Lilyblad am Hierscht d'nächst Joer Schäffen an der Successioun vum LSAP-Politiker Holdi Dahlem zu Betzder ginn. Dee Posten dierft RTL-Informatiounen no dann awer d'aktuell CSV-Conseillière Sylvette Schmit-Weigel iwwerhuelen. Wien als Conseiller noréckelt, muss d'lokal Betzder CSV-Sektioun nach ofklären.

Back to Top
CIM LOGO