Den Taux d'emploi ass tëscht 4 a 7 Prozentpunkten eropgaangen, bei der Schaffzäit pro Dag gouf et eng Hausse vun 3 Stonnen.
Méi staark ass den Effet bei Mammen, déi en nidderegen Educatiouns-Niveau hunn, bei Mammen, déi net Lëtzebuerger sinn a bei elengerzéiende Mammen.
Elteren, wou dat jéngst Kand manner wéi 3 Joer huet, profitéiere méi staark vun den Accueils-Strukturen ewéi Crèchen oder Dagesfoyeren, fir méi laang Daueren.